Zens (Stad Lëtzebuerg)
Zens | |
---|---|
Klouschter vun de Karmeliterinnen um Zens | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Cents de: Cents |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 6.449 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 173,09 ha |
Héicht | 348,6 m |
Koordinaten |
49° 36’ 57.0’’ N 06° 09’ 34.0’’ O |
Den Zens ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Oste vun der Haaptstad.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Zens läit op engem laanggezunne Plateau deen an Ost-Südwestrichtung liicht un Héicht verléiert. Dëse Plateau ass am Norde begrenzt duerch den Dall vum Neiduerf an am Süden duerch den Hammer Dällchen.
Am Oste stéisst en un d'Kalchesbréck an huet och do seng héchst Plaz mat knapp 349 Meter. Op der Héicht vum Carmel geet d'Tréierer Autobunn de queesche Wee ënner dem Zens erduerch.
Am Südweste läit de Fetschenhaff mat de Sportsinstallatioune vum INS an dem Sportlycée.
De westleche Wutz vum Plateau fält relativ géi of, an den Dall vun der Uelzecht, an do fanne mer d'Polvermillen am Süden a Clausen am Norden. Den Ausleefer op der Héicht ass de Plateau vun der Rumm.
Duerch de Quartier leeft de laange Wee bal schnouerriicht d'Nationalstrooss 1A (rue de Trèves, duerno rue Cents) déi vu Clausen, laanscht d'Rumm eropklëmmt, an da weider a Richtung Kalchesbréck a Findel féiert.
Am Süden, am Dall, leeft d'Eisebunnslinn N° 3 déi och eng Halt tëscht dem Äppelwee an dem Hammer Dällchen huet.
De Quartier läit op enger Héicht tëscht 173,1 an 348,6 m.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Ursprong vum Numm Cents ass net eendeiteg gekläert. En ass awer warscheinlech op eng Steier (Zensus) zeréckzeféieren déi d'Piechter vum Fetschenhaff der Abtei Almënster hu misse bezuelen[1].
Ausser dem Klouschter vun de Karmeliterinnen dat 1937 gebaut gi war, war den Zens laang en éischter ländlech markéierte Plateau, mat Bauerenhäff, Felder a Wisen, e puer Wiertschaften an dem Zenser Kierfecht. 1961 stoungen do just 112 Haiser, an deene ronn 500 Leit gewunnt hunn. Dunn huet d'Société nationale des habitations à bon marché ugefaangen an der neier „Cité Henri Frommes“ weidere Wunnraum ze bauen. 1962 sinn déi éischt Quartiersstroosse gebaut ginn.
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]Op den 31. Dezember 2022 hunn um Zens 6.449 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 50,78 % géintiwwer 49,22 % Auslänner. Den Zens ass domat den eenzege Stater Quartier wou den Undeel vun de Lëtzebuerger méi héich ass wéi dee vun den Auslänner[2].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 6 449 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 3 275 | 50,78 |
2 | Frankräich | 484 | 7,51 |
3 | Italien | 429 | 6,65 |
4 | Portugal | 320 | 4,96 |
5 | Indien | 195 | 3,02 |
6 | Belsch | 153 | 2,37 |
7 | Däitschland | 144 | 2,23 |
8 | Spuenien | 142 | 2,20 |
9 | Vereenegt Kinnekräich | 88 | 1,36 |
10 | Griicheland | 79 | 1,22 |
Top 10 | 5 309 | 82,32 | |
Aner Nationalitéiten | 1 140 | 17,68 |
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Signe dans l'espace, eng monumental Skulptur vum Lucien Wercollier an der Cité Frommes
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Fetschenhaff
- Kierch Lëtzebuerg-Zens
- Gare Zens-Hamm
- Lëtzebuerg (Stad)
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- ons stad – Nr. 119, 2019. Cents-Fetschenhof.
- Fernand Cordier & Simone Beck: Die Anhöhe von Cents-Fetschenhof: Episoden einer wechselhaften Geschichte. S. 14-17.
- Rob Wagner: D'Festungswierker vun der Tréierer Front. S. 22-25.
- Simone Beck: Das Flugmeeting vom 24. August 1910 auf dem Centser Plateau. S. 26-27.
- Christiane Grün: Ein neuer Schul- und Sportkomplex in Cents. S. 28-31.
- Simone Beck: Wunnen am Klouschtergaart - in Cents entsteht ein neues Viertel. S. 32-33.
- Simone Beck: Die Entwicklung des Viertels. S. 34-35.
- Isabelles Yegles-Becker: Les cités d'habitation à coût modéré « Henri Frommes » et « Domaine du Carmel ». S. 37-39.
- Robert L. Philippart: Fetschenhof : un cimetière des pauvres âmes. S. 41-43.
- Pierre Matagne, Frank Bauler, Laura Berg & Lis Stirn : Guides et Scouts au Cents-Fetschenhof. S. 44-47.
- Marc Jeck: Internationale Ordensschwestern und europäische Sakrakunst in Cents-Fetschenhof. S. 49-51.
- Michael Soldi : Cents-Fetschenhof, un quartier sportif. S. 54-57.
- Samuel Hamen: Dräi Methoden, ee Quartier vum Schreifdësch aus ze verstoen. S. 58-59.
- Lecorsais, D., 2016. Serie „Mäi Quartier“: Fetschenhof-Cents. Kühe, Kinderfeste und die „Kéisschmier“ op www.wort.lu an an der gedréckter Versioun am Luxemburger Wort vum 27./28.2.2016, S. 33 (PDF)
- Fernand Théato, 2006, En neie Wunnquartier Cents-Fetschenhaff an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang, S. 24-25
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zens – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Fernand Cordier, Simone Beck, Die Anhöhe von Cents-Fetschenhof: Episoden einer wechselhaften Geschichte, an: Ons Stad, 119/2019, S. 15
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.