Nationalstrooss 1A
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() | |
![]() Den Ufank vun der N1A a Clausen | |
Clausen - Findel | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Nationalstrooss 1, Clausen |
Koordinaten | 49°36'49,00"N, 6°8'40,34"O |
Enn |
Nationalstrooss 1, Findel |
Koordinaten | 49°37'40,08"N, 6°12'8,32"O |
duerch | Lëtzebuerg, Sandweiler |
Vitesslimitatioun | 30 km/h, 50 km/h, 70 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 1A |
D'Nationalstrooss 1A oder och d'N1A ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg
Si huet hiren Ufank a Clausen op der N1. Vu Clausen bis op d'Rumm heescht se Rue de la Tour Jacob, duerno Rue de Trèves a féiert weider iwwer den Zens wou se op der Héicht vun der Kräizung mat der Rue des Alouettes den Numm Rue Cents kritt. Weider leeft se dann iwwer d'Kalchesbréck op de Findel wou se nees op d'N1 stéisst.
Entwécklung vun der N1A[änneren | Quelltext änneren]
- Vun ... bis 1958 ass d'N1A am Neiduerf (Wolleflslach) vun der N1 aus Richtung Kalchesbréck fortgaangen (haut N1C) an huet dunn no Oste gedréint fir um Findel nees op d'N1 ze stoussen.
- Et ass geplangt datt déi éischt honnert Meter a Clausen – vun der N1 bis bei d'N1B – als Gemengestrooss deklasséiert ginn. D'N1A geet dann op Héicht vun der Place Émile Mousel un an iwwrhëlt d'Fonctioun vun der haiteger N1B[1].
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Route nationale 1A (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ (fr)Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.