Nationalstrooss 2
![]() | |
![]() D'N2 tëscht Sandweiler a Mutfert | |
![]() | |
Lëtzebuerg - Réimech | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 4, Nationalstrooss 7, Nationalstrooss 50 |
Koordinaten | 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O |
Enn |
Réimech, Bréck vu Réimech |
Koordinaten | 49°32'37,03"N, 6°22'10,34"O |
duerch | Lëtzebuerg, Sandweiler, Conter, Waldbriedemes, Bous, Réimech |
Längt | 22 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 2 |
D'Nationalstrooss 2 oder N2 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg a Réimech. Si féiert vu Lëtzebuerg op Réimech a vun do weider iwwer d'Réimecher Bréck an Däitschland, wou se Uschloss un d'Bundesstrooss B406 huet.
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Bréisseler Plaz wou se vun der N4, N7 an N50 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Nei Bréck op d'Metzer Plaz, dann no lénks weider iwwer de Péitrussboulevard, bis op d'Kräizung mat der Aler Avenue, fir duerno iwwer de Boulevard d'Avranches an de Boulevard Géneral Patton op d'Polvermillen ze kommen.
Nodeem se do iwwer d'Uelzecht ass, féiert se de Bierg erop duerch den Hammer Dällchen op de Rond-point Irgäertchen, wou se Uschloss un d'A1 / E44 an d'N2A huet.
Vun do aus geet et weider duerch Sandweiler a Mutfert, dann d'Kinnett erof op Ierseng, Trënteng a Réid bis op Aassel a Bous wou se am Agank vun der Uertschaft, Uschloss un d'N13 (Dräikantonsstrooss) huet.
Se féiert da weider bis op Réimech wou se Uschloss un d'N16 an eng ronn 100 Meter virun der Bréck iwwer den CR152C Uschloss un d'N10 huet.
D'N2 ass ronn 22,1 km laang.
Entwécklung vun der N2[änneren | Quelltext änneren]
- Bis uganks vun den 1950er Joren ass d'N2 a Clausen fort gaangen, iwwer den Tracé vun der haiteger N1A bis op d'Héicht vum Waasserbaseng um Zens, fir vun do aus no Osten a Richtung Sandweiler virun ze lafen. Wéinst der Verlängerung vun der Landepist vum Fluchhafe gouf d'Strooss sengerzäit ëmgeluecht.
- Mat der Ëmklasséierung 1995 gouf d'Streck duerch Réimech g'ännert. D'N2 leeft vun do un iwwer d'Route de l'Europe amplaz iwwer d'Route de Luxembourg an d'Rue de la Gare. Déi al Streck gouf an den CR152A deklasséiert.
- Och wann d'Contournemente vum Bous (Enn vun den 1990er Joren[1]) a Sandweiler (den 8. Juni 2004 opgaangen[2]) gebaut goufen, sou leeft d'N2 nach ëmmer duerch béid Uertschaften. Et ass awer geplangt den Umgeeungsstroossen de Statut vun der Nationalstrooss ze ginn an d'Duerchfaarten duerch Sandweiler a Bous an e Chemin repris ze deklasséieren[3].
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Route nationale 2 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 18 janvier 1993 relative à la réalisation du contournement de Bous. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-08.
- ↑ Contournement de Sandweiler. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-17.
- ↑ Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.