Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter
En Zuch vun der Linn 3 dee wéinst engem Schantjen iwwer d'Éiter-Streck (Linn 4) ëmgeleet gëtt
Streckekaart vun der Linn 4
Linnennummer 4
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Lëtzebuerg
op Gare Éiter
iwwer Bierchem, Siren
opgaangen 1918
Technesch Donnéeën
Längt 12,3 km, 16,2 km
Gréisst Steigung 12 ‰
Klengste Radius 300 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 60 km/h, 120 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
P.K.
Gare Lëtzebuerg 0,0
N3
Uschloss Paul Wurth SA
CFL-Linn 5, CFL-Linn 7
Lëtzebuerg-Triage 1,3
Lëtzebuerg-Süd (Gare Houwald) 2,6
A1
Bierchem / Fenteng 6,3
CFL-Linn 6
N3
Bréck iwwer d'Déilbaach
Tunnel Gelsbierg
Bréck iwwer d'Teudlerbaach
Gare Siren 11,4
CFL-Linn 3
Gare Éiter 16,2

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter ass eng eegleiseg Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg iwwer Bierchem a Siren op Éiter.

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt als Linn 4 bezeechent; se gëtt haaptsächlech fir de Gidderverkéier aus oder a Richtung Däitschland benotzt, dee bal komplett iwwer dës amplaz iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg fiert.

D'Persounenzich tëscht (Tréier), Waasserbëlleg a Lëtzebuerg fueren awer och deelweis iwwer d'Streck. Am Fall vun enger Stéierung oder wéinst Aarbechte kann awer och de ganzen Trafic tëscht Éiter a Lëtzebuerg iwwer d'Alternativstreck ëmgeleet ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zanter den 1890er war d'Kapazitéit op der eegleiseger Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, déi der Guillaume-Luxembourg (GL) gehéiert huet, ausgelaascht. De Grond war virun allem de Gidderverkéier aus de Lëtzebuerger Schmelzen, dee staark an d'Luucht gaangen ass. Et gouf deemno driwwer nogeduecht, d'Streck zweegleiseg auszebauen. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt et besser wier, eng alternativ Streck iwwer Bierchem ze bauen, déi engersäits ëm ca. 10 km méi kuerz war an anersäits och manner Steigungen hat[1].

De Guillaume-Luxembourg hat awer keen Interessi un der neier Verbindung, absënns well duerch déi méi kuerz Streck, manner Recetten erakomm wieren. Dowéinst wollt d'Administration des chemins de fer d'Alsace et de Lorraine (déi och d'Strecke vum GL bedriwwen huet) déi nei Streck selwer bauen. En entspriechende Staatsvertrag gouf am November 1902 ënnerschriwwen, ma geschitt ass uganks awer näischt.

Eréischt 1907 gouf ugefaangen déi geplangt Streck auszemoossen an déi Aarbechten hu bis 1913 gedauert. Am selwechte Joer gouf och d'Finanzéierung ugeholl. 1915 hunn d'Aarbechten du schlussendlech ugefaangen. D'Baupläng goufen zwar fir en zweegleisegen Ausbau opgestallt, ma fir dat zweet Gleis bestoung nach keng Konzessioun. Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich an den Transporter déi doduerch iwwer d'Streckennetz vum GL hu missen assuréiert ginn, war déi eegleiseg Streck Lëtzebuerg–Éiter en Hënnernes wat de Materialtransport ugaangen ass. D'Alternativstreck hat awer ouni Verbindungskéier a Richtung Lëtzebuerg kaum Wäert fir déi däitsch Arméi, an dowéinst gouf 1917 - ouni rechtlech Basis - mam Bau vun der Verbindungskéier bei Fenteng ugefaangen. Zur gläicher Zäit gouf och den Deel vun der Verbindungskéier bis an d'Gare Lëtzebuerg op dräi Gleiser ausgebaut. Am Hierscht 1918 waren d'Aarbechten sou gutt wéi ofgeschloss.

Am Oktober 1918 gouf d'Streck ageweit, allerdéngs ware just Zuchfaarten iwwer d'Verbindungskéier méiglech, well d'Bréck iwwer d'Uelzecht - wann ee vu Bierchem kënnt - nach net fäerdeg war. Deen Deel vun der Streck gouf eréischt nom Ufank vum Zweete Weltkrich an der Naziokkupatioun vu Lëtzebuerg haaptsächlech fir d'Arméi fäerdeg gebaut an am September 1940 ageweit[2].

D'Elektrifikatioun vun der Streck gouf 1956 beschloss, mam elektresche Betrib konnt 1959 ugefaange ginn.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 267
  2. Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 270