Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng
CFL Z208 Westwaggon Autorail 01.jpg
En historeschen CFL Westwaggon an der Gare Näerzeng
CFL lijn 6c.png
Streckekaart vun der Linn 6c
Linnennummer 6c
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Näerzeng
op Gare Rëmeleng
iwwer Brucherbierg, Gare Keel, Gare Téiteng
opgaangen 1860
Technesch Donnéeën
Längt 5,9 km
Gréisst Steigung 8 ‰
Klengste Radius 325 m, 271,4 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 75 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barrièren
P.K.
BSicon STR.svg Uschloss: Beetebuerg
BSicon BHF.svg Gare Näerzeng 0,00
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Esch 0,12
BSicon SBRÜCKE.svg Autobunn A13 0,83
BSicon ABZg+r.svg Ofzweigung Brucherbierg 1,20
BSicon hKRZWae.svg Puelbech 1,98
BSicon BUE.svg Barrière PN 105 Keel CR166 Schëfflenger Srooss 2,14
BSicon SBRÜCKE.svg Nationalstrooss N 31 (Keel - Esch) 2,84
BSicon BHF.svg Gare Keel 3,00
BSicon hKRZWae.svg Bermicht 3,09
BSicon BHF.svg Gare Téiteng 3,91
BSicon STRo.svg Téiteng (Rue des Légionnaires - Rue de l'Eau) 4,24
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Intermoselle
BSicon BUE.svg Barrière PN 106 CR166 4,96
BSicon KBHFe.svg Gare Rëmeleng 5,92

D'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Näerzeng op Rëmeleng.

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng ass eng Antenn vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch a gëtt als Linn 6c bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se an der Linn 60[1] integréiert. Si ass 5,9 km laang an op der ganzer Streck eegleiseg. D'Vitesse op der Streck ass op 75 km/h limitéiert.

Geschicht vun der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Duerch en Arrêté royal grand-ducal vum 20. Juni 1859[2] krut de Wëllem Lëtzebuerg d'Konzessioun fir vu Beetebuerg aus en Uschloss an d'Minettsgéigend ze bauen, an zwar iwwer Näerzeng op Esch, mat engem Gleis vun Näerzeng aus op d'franséisch Grenz zu Rëmeleng[2]. D'Streck gouf 1860 a Betrib geholl. Se gouf tëscht 1960 an 1961 elektrifizéiert.

Dat Stéck vun der Rëmelenger Gare bis op Grenzgare gouf 1996 definitiv zougemaach, den Uschloss a Frankräich ass scho méi laang net méi befuer ginn. Domat ass aus der haiteger Gare eng Kappgare ginn, an d'Barrière an der Entrée vu Rëmeleng konnt och suppriméiert ginn. Op där Plaz ass haut e Kreesverkéier.

Als Iwwerreschter kann een nach déi al Gare op der Grenz zu Rëmeleng gesinn, an eng Partie vun der ofgerappter Streck op Ëtteng.

Vu Rëmeleng aus ass och eng Streck Richtung Téiteng gaangen, laanscht de Perchesbierg bis op den Hesselbierg. Haut ass op enger Partie vun där Streck en Trëppelpad, an et kann een nach Iwwerreschter vun de Verluedequaie gesinn.

Bedeitung fir de Giddertransport[änneren | Quelltext änneren]

Vun Téiteng aus geet och nach e Gleis a Richtung Laangegronn fir d'Firma Intermoselle ze bedéngen. Deen Deel gouf 1980 elektrifizéiert.

Op där Streck ass och den Tunnel Huttbierg vun 80 Meter Längt, deen 1884 fäerdeg gouf.

Zukunft vun der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee/Juni 2010 gouf bekannt, datt iwwerluecht gëtt, fir kee Persounentransport méi op der Streck unzebidden[3]. Virun allem d'Feele vun Direktverbindungen an d'Stad an d'Konkurrenz vum Bus hunn d'Streck vill vun hirer Attraktivitéit kascht.

Etüde vum Ministère des Transports hu festgestallt, datt duerchschnëttlech nëmme 75 Leit den Dag de Service benotzen, wat 6 Leit pro Zuch sinn. D'Spuerpotential gëtt dobäi op 1,3 Milliounen Euro d'Joer geschat.

D'Gemenge laanscht Streck fäerte se géifen un Attraktivitéit ze verléieren. Pläng fir e Park and Ride zu Téiteng wieren domat genee sou a Gefor, wéi d'Abanne vun der Linn an de sougenannte Südtram[4].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt den 8. Mäerz 2020
  2. 2,0 2,1 Arrêté royal grand-ducal du 20 juin 1859 - Concession à la Société Guillaume-Luxembourg, d'un embranchement de chemin de fer de Bettembourg vers deux points des minières du canton d'Esch.
  3. Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort vum 8. Juni 2010
  4. De Projet Südtram op rail.lu