Op den Inhalt sprangen

Gare Beetebuerg

Vu Wikipedia
Gare Beetebuerg
D'Haaptgebai vun der Beetebuerger Gare mat der Busgare virdrun (2022)
ass eng Trenngare, Grenzgare
Status am Gebrauch
opgaang 1859
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Beetebuerg
Uertschaft Beetebuerg
Koordinaten 49°30'55"N, 6°6'7"O
Héicht i. M. 276 m
Reseau
Statiounscode Bt-V
Bedreiwer CFL
Reseau TER Grand Est, CFL-Zuchreseau
Linn(en) L01 Nanzeg - Metz - Lëtzebuerg, Regionalexpress
P.K. 11,4 km, 0,0 km
Gleiser 7
Passagéier/Joer 3.495.828
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Diddeleng-Biereng,
Gare Grouss-Hetteng,
Gare Näerzeng,
Gare Bierchem,
Gare Houwald
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Bettembourg
Kaart
Lag vun der Gare Beetebuerg
Vue vum Quai, am Hannergrond de Schantje vun der neier Hammerel-Bréck

D'Gare vu Beetebuerg ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit ënnert der Emile-Hammerel-Bréck am Zentrum vu Beetebuerg, an der Gemeng mam selwechten Numm. D'Gare Beetebuerg gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

  • Lëtzebuerg - Diddenuewen - Metz
  • Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
    • an der Niewelinn Beetebuerg - Wuelmereng.

A Richtung Diddenuewe läit d'Beetebuerger Gare tëscht der Gare Houwald an der éischter Gare op franséischem Territoire, der Gare Grouss-Hetteng. A Richtung Esch läit se tëscht der Gare Bierchem an där vun Näerzeng. S'ass Terminus-Gare vun der Linn op Wuelmereng; déi éischt Gare duerno ass Diddeleng-Biereng.

Direkt nieft der Gare ass eng Busgare.

D'Gebai fir d'Voyageuren, déi fréier Lampisterie an dat fréiert Gebai vun der Douane goufen den 13. Juni 2022 proposéiert, als nationaalt Monument klasséiert ze ginn[1].

1855 gouf an engem Accord tëscht Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich decidéiert, eng Eisebunnsstreck vun Diddenuewen iwwer Lëtzebuerg op Arel ze bauen. D'Geschäftsleit Adolphe Favre a Stephan Jouve krute vum Lëtzebuerger Staat d'Konzessioun fir den Deel um Lëtzebuerger Territoire a si hunn am Juli 1856 op der franséischer Grenz mam Bau ugefaangen.

Well een den Ausleefer vum Ginzebierg bei Diddeleng net ëmfuere konnt, ouni déi virgeschriwwe Maximalsteigung vun 1,25% z'iwwerschreiden, huet missen eng 1.500 Meter laang Tranchée ausgehäit an en 350 Meter laangen Tunnel gebaut ginn. Am Ausgank vum Zoufftgener Tunnel koum een op Lëtzebuerger Territoire. Dowéinst wollt den Adolphe Favre eng Gare direkt hanner der Grenz, fir de Fall wou en Zuch am Tunnel géif hänkebleiwen.

Nodeem de 16. Juli 1859 den éischten Zuch tëscht der Stad an der franséischer Grenz, a Presenz vum Prënz Hari, gefuer ass, gouf d'Streck de 5. August eegleiseg a Betrib geholl. Dat waren ufanks 4 Koppele Persounenzich déi vun der Stad aus 35 Minutte gebraucht hunn.

1860 koum d'Streck op Esch-Uelzecht a Rëmeleng derbäi. 1883 gouf en Uschloss fir d'Schmelz vun Diddeleng gebaut.

Vun 1899 bis 1954 war et och d'Kappgare vun der Vizinalstreck Beetebuerg-Uespelt. Am Abrëll 1955 goufen an der Gare d'Catenairen installéiert.

1969 gouf decidéiert eng zentral Rangéiergare ze bauen, fir de ganze Rangéierbetrib op enger Plaz ze konzentréieren. Well déi meescht Wueren aus Frankräich koumen a Beetebuerg no bei de Schmelze vum Minett louch, gouf a Richtung Frankräich eng Rangéiergare mat 24 Gleiser gebaut.

Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Beetebuerg den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[2].

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Diddenuewen ↔ Metz

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Houwald   TER   Grouss-Hetteng Diddenuewen oder Metz-Ville

Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

[änneren | Quelltext änneren]
Ëlwen Houwald   RE   Näerzeng Rodange
Miersch Bierchem   RE   Näerzeng Péiteng

Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Houwald   RE   Näerzeng Rodange
Lëtzebuerg Bierchem   RB   Näerzeng Péiteng oder Rodange[3]
Beetebuerg Terminus   RB   Diddeleng-Biereng Diddeleng-Schmelz

oder Wuelmereng

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 31. Januar 2025).
  2. (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
  3. just de Weekend an op Feierdeeg