Gare Déifferdeng
![]() En Zuch a Richtung Beetebuerg an der Déifferdenger Gare. Am Hannergrond, d'Grondschoul Differdange-Centre (2025). | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Déifferdeng |
Koordinaten | 49°31'21,130"N, 5°53'29,976"O |
Héicht i. M. | 304 m |
Reseau | |
Statiounscode | Di |
Bedreiwer | CFL |
Streck(en) | Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng |
P.K. | 4,70 km |
Gleiser | 2 |
Passagéier/Joer | 990.902 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Nidderkuer, Gare Uewerkuer |
![]() | |
D'Gare vun Déifferdeng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit südlech vum CR174 (Rue Émile Mark) an der Sektioun Déifferdeng vun der Gemeng mam selwechten Numm a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
Se läit tëscht der Gare Uewerkuer an där vun Nidderkuer.
Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 271 Plazen an zwou spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass op der Halt Differdange, Schoul un den TICE- an RGTR-Reseau ugebonnen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass den 1. August 1873 opgaangen, mat deemools just véier Garen, dorënner och d'Gare Déifferdeng. Ronderëm d'Gare louche Verluedequaien vun den eenzele Grouwen. Déi éischt Gare war just en hëlzene Schapp (1873), ier 1892 e stengent Gebai gebaut an 1910 vergréissert gouf.[1]
Am Kader vun der Moderniséierung vun der Streck an den 1980er an 90er Joren ass déi ursprénglech Déifferdenger Gare (PK 4,007 haut Differdange-M am Fachjargon) mam Fuerplangwiessel den 31. Mee 1992 fir de Persounentrafick fir zerguttst zougemaach, a mat enger neier Halt, ronn 700 m. méi südlech (PK 4,700), bei der Émile-Mark-Strooss ersat ginn. Den 9. Dezember 1991 huet den CFL-Verwaltungsrot den Accord fir de Bau vun der neier Gare ginn. D'Aarbechten hunn de 17. Februar 1992 ugefaangen an d'Gare ass fir de Fuerplangwiessel Enn Mee 1992 opgaangen.[2]
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Abrëll 2025)
Aller
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Uewerkuer | RB | Nidderkuer | Rodange oder
Péiteng | ||
Lëtzebuerg | Belval-Université oder Uewerkuer | RE | Nidderkuer oder Péiteng | |||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Ëlwen | Belval-Université | RE | Péiteng | Rodange | ||
Miersch | Uewerkuer | RE | Nidderkuer | Péiteng |
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Gare Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Déifferdeng
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Déifferdeng op der CFL-Websäit
- D'Gare Déifferdeng op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Déifferdeng op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Gast Poos, Die Bahnhöfe und Haltestellen in der Gemeinde Differdingen, in: Associatioun FNCTTFEL Péiteng, 1917-1992: Fändelweih: 25. Oktober 92, S. 86
- ↑ Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (Esch-Petingen-Rodingen, pp. 370 383, 389)