Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter
En Zuch vun der Linn 3 dee wéinst engem Schantjen iwwer d'Éiter-Streck (Linn 4) ëmgeleet gëtt | |
Streckekaart vun der Linn 4 | |
Linnennummer | 4 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Lëtzebuerg |
op | Gare Éiter |
iwwer | Bierchem, Siren |
opgaangen | 1918 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 16,2 km |
Gréisst Steigung | 12 ‰ |
Klengste Radius | 300 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | eegleiseg |
Vitesslimitatioun | 60 km/h, 120 km/h |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
Distanz km | |
Uschloss: Waasserbëlleg Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen |
||
Gare Lëtzebuerg | 0,0 | |
N3 (Diddenuewener Strooss) | ||
Lëtzebuerg-Triage | 1,3 | |
Uschloss Gare Hollerich-Zwickau |
||
B 3 | ||
Tunnel Rangwee | ||
Tramsbréck | 2,1 | |
Gare Houwald | 2,2 | |
CR231 | ||
A1 | ||
Feldwee Grousseweier | ||
Feldwee Duelem | ||
Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier | ||
Ofzweigung Bierchem | 5,0 | |
CR159 Uelzecht |
5,25 | |
Uschloss Linn 6 Stellwierk |
5,7 | |
CR157 | 6,3 | |
N3 | 6,88 | |
Feldwee | ||
CR154 | ||
Tunnel Gelsbierg | ||
Rue de la Source | ||
Bréck iwwer d'Trudlerbaach | ||
CR226 | ||
Betribsgare Siren mat Iwwwerhuelgleis |
11,4 | |
Feldwee Wangertsbierg | ||
Feldwee Milbecher Gewan | ||
Quartier Milbech | ||
CR234 | ||
N2 | ||
CFL-Linn 3 | ||
Gare Éiter | 16,2 |
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter ass eng eegleiseg Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg iwwer Bierchem a Siren op Éiter.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt als Linn 4 bezeechent; se gëtt haaptsächlech fir de Gidderverkéier aus oder a Richtung Däitschland benotzt, dee bal komplett iwwer dës amplaz iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg fiert.
D'Persounenzich tëscht (Tréier), Waasserbëlleg a Lëtzebuerg fueren awer och deelweis iwwer d'Streck. Am Fall vun enger Stéierung oder wéinst Aarbechte kann awer och de ganzen Trafic tëscht Éiter a Lëtzebuerg iwwer d'Alternativstreck ëmgeleet ginn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schonn zanter den 1890er war d'Kapazitéit op der eegleiseger Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, déi der Guillaume-Luxembourg (GL) gehéiert huet, ausgelaascht. De Grond war virun allem de Gidderverkéier aus de Lëtzebuerger Schmelzen, dee staark an d'Luucht gaangen ass. Et gouf deemno driwwer nogeduecht, d'Streck zweegleiseg auszebauen. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt et besser wier, eng alternativ Streck iwwer Bierchem ze bauen, déi engersäits ëm ca. 10 km méi kuerz war an anersäits och manner Steigungen hat[1].
De Guillaume-Luxembourg hat awer keen Interessi un der neier Verbindung, absënns well duerch déi méi kuerz Streck, manner Recetten erakomm wieren. Dowéinst wollt d'Administration des chemins de fer d'Alsace et de Lorraine (déi och d'Strecke vum GL bedriwwen huet) déi nei Streck selwer bauen. En entspriechende Staatsvertrag gouf am November 1902 ënnerschriwwen, ma geschitt ass uganks awer näischt.
Eréischt 1907 gouf ugefaangen déi geplangt Streck auszemoossen an déi Aarbechten hu bis 1913 gedauert. Am selwechte Joer gouf och d'Finanzéierung ugeholl. 1915 hunn d'Aarbechten du schlussendlech ugefaangen. D'Baupläng goufen zwar fir en zweegleisegen Ausbau opgestallt, ma fir dat zweet Gleis bestoung nach keng Konzessioun. Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich, wéi déi deelweis eegleiseg Wasserbëlleger Streck fir d'Noschubtransporter fir déi däitsch Armé net genuch Kapazitéit hat, an d'Streck Éiter-Lëtzebuerg via Bierchem komplizéiert gewiescht wier, well zu Bierchem hätt missen ëmgesat ginn, a sou net vill Wäert fir déi däitsch Arméi hat, huet déi 1917 - ouni rechtlech Basis - mam Bau vun enger Verbindungskéier bei Fenteng a Richtung Lëtzebuerg ugefaangen. Zugläich gouf och d'Streck vun der Verbindungskéier un, bis an d'Gare Lëtzebuerg op dräi Gleiser ausgebaut. Am Hierscht 1918 waren d'Aarbechte sou gutt wéi ofgeschloss.
Am Oktober 1918 war d'Streck fäerdeg gebaut, et konnt allerdéngs just iwwer d'Verbindungskéier a Richtung Lëtzebuerg gefuer ginn, well d'Bréck iwwer d'Uelzecht, op der Streck wéi se original virgesi war, d.h. um Uschloss vu Bierchem aus - nach net fäerdeg war. Deen Deel vun der Streck gouf eréischt nom Ufank vum Zweete Weltkrich wärend der Naziokkupatioun vu Lëtzebuerg haaptsächlech fir d'Arméi fäerdeg gebaut an am September 1940 a Betrib geholl[2].
D'Elektrifizéierung vun der Streck gouf 1956 beschloss, mam elektresche Betrib konnt 1959 ugefaange ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 267
- ↑ Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 270