Op den Inhalt sprangen

Bréck Gare Houwald

Vu Wikipedia
Bréck iwwer d'Gare Houwald
De Bau vun der Bréck (August 2024)
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg (Gaasperech)
Gemeng Hesper (Houwald)
Koordinaten 49° 34’ 52.3’’ N
      06° 07’ 57’’ O
Funktioun
Benotzt als Bréck fir ëffentlechen Transport, Foussgänger a Vëloen
Féiert iwwer CFL-Linn 6
CFL-Linn 4
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Material Stol

D'Bréck bei der Gare um Houwald ass eng Bréck iwwer déi d'Linn T1 vum Stater Tram an och Bussen, Vëloen a Foussgänger vum Houwald, iwwer d'Gare Houwald an iwwer d'Zuchgleiser ewech, am Uschloss un d'Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3, an de Ban de Gasperich fueren, respektiv goe kënnen[1].

De Bau vun der Bréck gouf bis Enn 2023 duerch eng juristesch Streiderei ëm eng Parzell, déi dem Olos Fund gehéiert, gehënnert: De Staat huet 2020 eng Expropriatiounsprozedur vun der Parzell fir utilité publique an d'Weeër geleet, déi awer vum Proprietär viru Geriicht a Fro gestallt gouf. Am Dezember 2023 gouf eng Eenegung am Gudden tëscht Proprietär a Staat fonnt.[2] Fir virunzekommen, gouf awer schonn 2022 mam Bau vun enger schmueler Versioun vun der Bréck ugefaangen, nërdlech vun der kontestéierter Parzell.[3] Dat huet mat sech bruecht, datt den Tram do zënter der Verlängerung vun der Linn T1 bei de Stadion (de 7. Juli 2024), bis de 15. Januar 2026 just op engem Gleis konnt fueren, bis dat Stéck, dat gefeelt huet, fäerdeg gebaut war.[4][5]

D'Tramshalt Howald Gare gouf provisoresch westlech vun der Bréck amenagéiert. De 15. Januar 2026 ass s'op hir definitiv Plaz op der Bréck geréckelt ginn. Vun der Tramshalt kënnt een engersäits erof op d'Quaie vun der Zuchgare an anersäits op d'Busgare vum Pôle d'échange Houwald.

 Commons: Bréck Gare Houwald – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
  2. ↑ "Den Ausbau vum Tram um Houwald kann endlech virugoen." rtl.lu, 06.12.2023.
  3. ↑ Mathilde Obert: "Ce qui bloque vraiment le chantier du tram à Howald." paperjam.lu, 19.08.2022.
  4. ↑ (de) Howald wird zum Mobilitätshub: Das sind die nächsten Etappen. Luxemburger Wort (21.08.2024). Gekuckt den 21.08.2024.
  5. ↑ (de) Tramstrecke zwischen Stadion und Findel nun vollständig zweigleisig. Luxemburger Wort (16.01.2026). Gekuckt den 19.01.2026.