Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3
![]() De Bau vun der Y-Bréck (August 2022) | |
Geographie | |
---|---|
Land |
![]() |
Plaz | Lëtzebuerg |
Koordinaten |
49° 34’ 54.30’’ N 06° 07’ 43.20’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck fir ëffentlechen Transport, Foussgänger a Vëloen |
Féiert iwwer | Autobunn A3 |
Technesch Detailer | |
Totallängt | 100 m |
Längt tëscht Opleeër | 73 |
Gréisst Iwwerspanung | 57 m |
Felder/Béi | 1 |
Breet |
18 m; (Haaptstrang) 6,2 m (Säitenaarm) |
Héicht | 5,50 m |
Déckt vum Tablier | Variabel mat engem Minimum vun 30 cm an der Mëtt |
Material | Arméierte Bëtong |
Bemierkungen | |
Bauhär |
Administration des ponts et chaussées (Division des travaux neufs) |
Architekt(en) Konzeptioun | Bureau Canevas |
Statiker | Bureau Greisch |
D'Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3 ass e Projet vun enger Bréck, iwwer déi d'Linn 1 vum Stater Tram, Bussen, Vëloen a Foussgänger vum Houwald hier, kuerz no der Bréck iwwer d'Gare Houwald, iwwer d'Autobunn A3 ewech, an de Ban de Gasperich fueren, respektiv goe kënnen[1].
An der Mëtt spléckt d'Bréck sech an zwéin Äerm - dohir d'Analogie zu engem Y: den 18 Meter breeden Haaptstrang, dee riichtaus geet, fir den Tram, d'Bussen an e Vëlos- a Foussgängerwee; an e 6,2 Meter breeden Niewenaarm, deen eppes méi no Norde féiert, fir eng Verbindung fir Foussgänger a Vëlosfuerer mam Neibau vum Lycée technique du Centre, deen dohi soll kommen, ze maachen.
Déi geplangt Bréck gëtt 73 Meter laang a soll op hirer héchster Plaz 5,5 Meter héich ginn. Se gouf vum Bureau Greisch entworf. De Bau gëtt op 9,5 Milliounen Euro geschat[2].
D'Aarbechte sinn zanter 2021 am Gaang.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- "Un pont futuriste pour relier Howald à Gasperich." wort.lu, 25. August 2020.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
- ↑ Bureau Greisch Pont «Y» OA583 – Gasperich