Schlassbréck (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Schlassbréck
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Pafendall, Gronn
Koordinaten 49° 36’ 41’’ N
      06° 08’ 09’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Sosthène-Weis-Strooss
Technesch Detailer
Breet 8,6 m
Material Hasteen
Bemierkungen
Opgaangen 1735
Architekt(en)
Konzeptioun
Bridder Kintzelé
D'Südsäit vun der Bréck

D'Schlassbréck an der Stad Lëtzebuerg ass eng Bréck aus Hasteen, déi de Fëschmaart mam Bockfiels verbënnt. Déi haiteg Bréck ass aus den 1990er Joren an eng Replik vun enger Bréck aus dem fréien 18. Joerhonnert, déi 1993 ofgerappt gouf. Iwwer si féiert d'Nationalstrooss 1; drënner erduerch geet d'Sosthène-Weis-Strooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck gouf 1735 vun de Bridder Kintzelé gebaut. Si blouf ronn 2 Joerhonnerte praktesch onverännert. 1933 gouf si eng éischt Kéier méi breet gemaach[1]. 1993 gouf se komplett ofgerappt an à l'identique, wann och méi breet, nees opgebaut. Hir haiteg Breet ass 8,6 m[1]. Fir déi Aktioun krut den deemolege Minister Robert Goebbels de "Gëllene Bagger"[2].

Si besteet aus engem Haaptbou, duerch deen d'Sosthène-Weis-Strooss féiert, dee bis an d'hallef Héicht geet, an doriwwer 5 méi klenge Béi niefteneen. Tëscht deenen 2 "Stäck" Béi verbënnt en Tunnel d'Bock-Kasematten mat deene vun der Alstad.

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlassbréck (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Ons Stad Nr 42, 1993, S. 3.
  2. https://www.forum.lu/article/gellene-bagger-1992/