Béinchen

Vu Wikipedia
Béinchen
De Béinche vun der Uelzecht aus gesinn, mat der Rouder Bréck. Riets d'Sichepaart. Lénks de Féngerlek, de Schaarschtech vun der fréierer Pompelstatioun, déi Quellwaasser an d'Uewerstad eropgepompelt huet.
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg Pafendall
Koordinaten 49° 37’ 00.1’’ N
      06° 07’ 55.3’’ O
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer Uelzecht
Technesch Detailer
Totallängt ca 100 m (tëscht den Tierm)
Felder/Béi 3
Material Steng
De Foussgängerwee iwwer de Béinchen. Hannen am Bild: d'Sichepaart.
D'Uelzecht vum Béinchen a Richtung Pafendaller Kierch gekuckt. Riets en Deel vum Quartiersdeel beim Béinchen.
De Pafendall mam Béinchen am Joer 1868, ee Joer virum Schleefe vun der Festung. Lénks d'Sichepaart, riets d'Eecher Paart.

De Béinchen ass eng Bréck vun der fréierer Festung Lëtzebuerg am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg.

D'Bréck, déi haut als Foussgängerbréck benotzt gëtt, verbënnt d'Eecher Paart (Porte d'Eich) mat der Sichepaart (Porte des Bons-Malades), déi um lénkse respektiv um rietsen Uwänner vun der Uelzecht stinn.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck huet dräi kleng Béi (Méizuel vu Bou), wouraus Béinchen am Volleksmond gouf.[1]

D'Festungsbréck[änneren | Quelltext änneren]

De Béinchen ass en Deel vun der Festungsmauer déi vu 1684 bis 1685 no de Pläng vum Vauban queesch duerch den Uelzechtdall gebaut gouf, dat fir de Pafendall an d'Festung opzehuelen.

De Béinche war deemools befestegt an de Wee iwwer d'Bréck huet tëscht zwou héije Mauere mat Schéissschachte gefouert. Wann néideg goufe Gittere laanscht d'Bréckebéi erofgelooss, dat fir ze verhënneren datt feindlech Truppen iwwer d'Uelzecht an d'Festung era komme konnten.

No 1867, beim Schleefe vun der Festung, goufen déi zwou Maueren op zirka 1 Meter erof gesat.

D'Restauréierung an den Itinéraire Vauban[änneren | Quelltext änneren]

Op Initiativ vum Service des sites et monuments nationaux goufen an den 1990er Joren de Béinchen, déi zwou Vaubanspaarten an d'Festungsanlage bei der Eecher Paart restauréiert. De selwechte Service huet och den Itinéraire Vauban uleeë gelooss, e kulturellen Trëppeltour, mat Informatiounspanneauen an enger Broschür, deen ënner anerem iwwer de Béinche féiert.

UNESCO-Weltierwen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1994 stinn de Béinchen an d'Vaubanstierm zesumme mat den aneren Iwwerreschter vun der fréierer Festung Lëtzebuerg op der UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen.

Beim Béinchen[änneren | Quelltext änneren]

Beim Béinchen ass den Numm vum Quartiersdeel nieft dem Béinchen um lénksen Uwänner vun der Uelzecht. Dee ganzen Haiserblock gouf den 30. Mee 1976 duerch d'Explosioun vu Bensinnsgasen an der Kanalisatioun an e Koup gehäit, woubäi dräi Mënschen ëm d'Liewe koumen. Tëscht 198x an 1986 gouf de Quartiersdeel erëm nei opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Service des sites et monuments nationaux (Cyrille Savin, Text a Realisatioun), 2005. L'héritage culturel Vauban à Luxembourg. Guide historique. Itinéraire Vauban. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. 103 S. ISBN 2-87963-513-6
  • Théato, F., 2007. Beim Béinchen. Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall. 1857 2007. S. 108. Éditions Sang & Klang Pafendall. Dréckerei Victor Bück, Lëtzebuerg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Béinchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. F. Théato, 2007. Beim Béinchen, S. 108.