Boubréck

Vu Wikipedia
Boubréck am Steen

De Bou ass en Drowierk dat am Bau haaptsächlech mat Steen oder Bëtong gebraucht gëtt. Dës Baustoffer hunn eng héich Drockfestigkeet; dofir ka bei dëse Materalien de Bou och nëmmen op Drock belaascht ginn. Dës Aart a Weis fir Brécken ze baue fënnt een haaptsächlech bei ale Brécken.

Boubréck mat Zuchband (Bowstring)

Haut ginn och Boubrécken am Stol gebaut an am "béton armé". Mat Stolbéi kënnen Drowäite bis 500 m an am Bëtong bis 300 m erreecht ginn.

Et ënnerscheet een tëscht 3 groussen Zorten:

  • Tablier oder Fuerbunn um Bou, ginn haaptsächlech bei grousse Spanwäite gebaut iwwer grouss an déif Däller. Déi kënnen dann:
    • een oder méi verwëlleft Béi, oder
    • een oder méi agespaant Béi hunn
  • Tablier an der Mëtt vum Bou
  • Tablier ënner dem Bou, niddreg Brécken iwwer kleng Flossdäller mat nees 2 Zorten:
    • ofgehaangenen Tablier
    • Bou mam Tablier verspaant (bowstring am Bréckejargon genannt), ass eigentlech keng echt Boubréck mä well se grad sou vill op Drock wéi op Zuch reagéiert.

Och aner Brécken déi e Bou hu sinn net onbedéngt Boubrécken. Et hänkt nämlech och vun der Statik vun der Bréck of, op se deen Numm ka kréien. En typescht Beispill dofir sinn Vierendeelbrécke mat ofgerënnten Dunnen

Da gëtt et nach Brécke mat ganz flaache Béi am "béton armé" déi een net direkt als Boubréck erkennt Freycenet-Brécken, déi éischt déi am Spanbëtong gebaut gi sinn.

Hei e puer Beispiller a Biller:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arch bridges – Biller, Videoen oder Audiodateien