Bou (Architektur)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bou an der Architektur. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bou. |


E Bou ass eng Iwwerspanung vun engem Fräiraum an enger Konstruktioun, déi eng gebéit Form huet. Dacks si Béi aus Steen oder Zille gebaut, an d'Elementer si liicht käilfërmeg. E Verwëllef kann een definéieren als eng dräidimensional Ausféierung vum Prinzip vum Bou.
Béi goufen a gi gebraucht, fir Dieren oder Fënsteren a Maueren z'iwwerspanen, bei Brécken (kuckt: Boubréck) a bei Tunnellen. An der Vergaangenheet war d'Boukonstruktioun déi eenzeg Manéier, fir e grousse Raum z'iwwerspanen, an och nach eppes drop ze bauen.
Beim Bou gëtt den Drock vun uewen, säitlech ëmgeleet, sou datt d'Ëffnung, déi iwwerspaant soll ginn, net an e Koup fält.
An der réimescher, an duerno och an der romanescher Architektur waren d'Béi Hallefkreesser. An der Gotik koum de Spatzbou zum Asaz; et gëtt eng weider Rëtsch vu Bouformen:
Bouformen
[änneren | Quelltext änneren]- Segmentbou
- Ronnbou
- Spatzbou
- Ellipsbou
- Kuerfbou
- Tudorbou
- Parabolbou
- Steigende Bou
- Dräipassbou
- Huffeisebou
- Akkoladebou
- Hunnekamp
- Rideausbou
- ëmgekéierten Akkoladebou
- Dräibladbou
- Dräilobegen Huffeisebou
- Florentinerbou
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Béi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
