Eecher Paart
D'Eecher Paart, vu baussen. | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'59,00"N, 6°7'51,53"O |
Architekt(en) | Sébastien Le Prestre de Vauban |
Datum vum Bau | 1685 |
Genannt no | Eech |
D'Eecher Paart ass eng fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg, am Pafendall. Si steet um lénksen Uwänner vun der Uelzecht an ass iwwer eng Bréck, Béinchen genannt, mat hirer "Sëschter", der Sichepaart, verbonnen.
D'Eecher Paart gouf no Pläng vum Vauban gebaut, deen de Pafendall mat an d'Festung abanne wollt, a sou nei Verdeedegungsanlagen am Uelzechtdall bäibaue gelooss huet.[1]
D'Eecher Paart hat eng Zuchbréck, déi bei Gefor eropgeklappt konnt ginn. Um éischte Stack war e Quartéier mat Feldbetter fir d'Wiechter amenagéiert, déi do permanent present waren. 1743 hunn d'Éisträicher zousätzlech e kasemattéierte Ravelin virun d'Paart gebaut, an e Gruef ugeluecht, fir se nach besser kënnen ze schützen.
Dëse gouf, wéi d'Festung 1868-1872 geschleeft gouf, planéiert, an d'hëlze Bréck duerch eng stengen ersat.
Den Tuerm ass hautdesdaags bewunnt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- "Tours Vauban: Les portes d'Eich et des Bons Malades et le mur Vauban." ssmn.public.lu, gekuckt den 9. Februar 2020.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eecher Paart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Panneau bei der Paart.