Bastioun Jost

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Bastioun Jost ("4, B.S.J."= Bastion St Jost), d'Contregarde Jost ("27 Cg.J.") an de Cavalier Jost ("7, C.J." = Cavalier Jost) 1794, op der Kaart vum A. Lefort.

D'Bastioun Jost (och nach: Bastioun St. Jost) war e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg, dat an där Form vun ëm 1547 bis 1870 bestoung. D'Bastioun huet zu der zweeter Enceinte vun der Festung gehéiert a louch do, wou haut d'Bréisseler Plaz ass. D'Bastioun war no der St. Jost Kapell benannt, déi an der Géigend vun der Bastioun louch, awer warscheinlech beim Bau vun där ofgerappt gi war.

Baugeschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

Beim Bau vun der zweeter Enceinte am 14. Joerhonnert gouf op där Plaz e ronnen Tuerm mat enger Paart gebaut, deen den Numm St. Jost krut. Déi Paart war awer wuel wéineg méi wéi eng Dier, duerch déi een an de Gruef virun der Enceinte konnt kommen. Zäitgenëssesch Kaarte weisen och kee Wee a keng Strooss, déi do vu baussen un d'Festung eru kommen. Deen Deel vun der Festung war am Ganze schwaach befestegt. Tëscht der St. Jost-Paart an der Juddepaart gouf et keng weider Tierm. Et gouf op där Plaz och kee Wiergank, nëmmen e Pad laanscht déi bannenzeg Säit vun der Mauer huet déi 2 Paarte verbonnen. Et ass där schwaacher Befestegung ze verdanken, datt de Philippe III. vun der Bourgogne (genannt le Bon) 1443 do an d'Festung konnt andréngen a se erueweren.

1480 hunn d'Fransousen, en vue vun engem imminenten Ugrëff vun den Habsburger, dunn deen Deel vun der Festung nei befestegt. Dobäi gouf virun den Tuerm en dräistäckegt, längelzegt Gebai gebaut, dat aus der Enceinte eraus stoung an d'Mauer zur Juddepaart hi besser decke konnt. De Gruef gouf ëm dat Gebai nei ugeluecht an d'Paart ass duerch den Ëmbau verschwonnen. Et geet duerno och net méi vun enger St. Jost Paart, ma vun engem St. Jost "bollwercke" (Bollwierk) Rieds. Am Géigesaz zu der Juddepaart awer kann een dovun ausgoen, datt et sech bei deem Bollwierk net ëm en eegent Wierk gehandelt huet dat detachéiert vum Tuerm war, mä datt domat d'Erweiderung vum Tuerm gemengt war.[2]

Warscheinlech 1547 goufen d'Befestegungen nach eng Kéier moderniséiert, an de ronnen Tuerm gouf duerch en eckegen Tuerm ersat. 1615 gouf déi Konstruktioun ofgerappt an duerch eng Bastioun ersat.[3]

Am Virfeld vun de franséischen Ugrëffer an der Belagerung vu 1684 gouf d'Festung nach eng Kéier moderniséiert. 1674 gouf dofir virun d'Bastioun Jost eng Contregarde gebaut an de Gruef ausgebaut. Gläichzäiteg gouf no Norden hin, tëscht der Bastioun Jost an der Bastioun Camus, e Ravelin gebaut, deen deen Deel vun der Courtine besser sollt schützen. No Osten hin, am Hang erof an de Péitrussdall, gouf eng Fausse-braie tëscht de Bastioune Beck a Jost ugeluecht.

Deen Deel vun de Festungsanlage hat d'Belagerung vum Louis XIV. sengen Truppen ënner dem Vauban gutt iwwerstanen, mä de Vauban hat déi ganz Front, vun der Bastioun Jost bis bei d'Bastioun Berlaimont am Norden als Schwaachpunkt vun der Festung ausgemaach.[4] Déi ganz Front gouf doropshin ausgebaut. Fir d'Bastioun Jost huet dat bedeit, datt si vu 1697 un en eegene Cavalier hat, duerch dee si den Accès duerch de Péitrusdall vu Westen hir nach besser konnt schützen.

D'Schleefen[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Schleef-Aarbechten ëm 1870 goufen d'Iwwerreschter vum Tuerm a vum Bollwierk erëmfonnt. Déi leien haut ronn 4 Meter ënner dem Niveau vun der Bréisseler Plaz. D'Bastioun Jost huet dobäi enger vun den neien Haaptachse vun der Stad Lëtzebuerg Plaz gemaach, der Avenue Marie-Thérèse, déi nieft der Avenue Monterey an der Neipuertsgaass d'Verbindung tëscht den ale Quartieren an der Festung an den neie Quartieren baussenzeg vun der Festung gemaach huet.[5]

De Polfermagaséng an de Cavalier si fir d'éischt verschount bliwwen. De Polfermagaséng gouf eréischt ëm 1890 ofgerappt, wéi den neie Siège vun der Spuerkeess op där Plaz sollt gebaut ginn. De Cavalier, dee vun 1864 un als Kasär ëmgebaut gi war, gouf nom Schleefe vun der Festung vun der Firma "Frères Hastert" vun der Hastertermillen aus dem Gronn opkaf, déi do hir Schockelasfabréck installéiert hunn. Tëscht 1888 an 1908 du war do dat éischt privat Elektrizitéitswierk vun der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht. 1910 gouf de Cavalier definitiv ofgebrach fir neie Gebaier Plaz ze maachen.

St. Jost Kapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell gëtt fir d'éischt Kéier am 14. Joerhonnert ernimmt. Bei der Kapell war e Kierfecht, dee bei der Enceinte louch. 1529 gouf d'Kapell eng lescht Kéier ernimmt, duerno verléiert sech hir Spur. Um Deventer Plang vu 1560 ass se net méi agezeechent. Et ass also unzehuelen, datt si ëm 1547 beim Reamenagement vun der Enceinte ofgerappt gouf.

D'Iwwerreschter vun der Kapell goufen 1871 beim Schleefe vun der Bastioun erëmfonnt, et gouf awer net dokumentéiert wou si genee louch.

Iwwersiicht iwwer d'Komponente vun der Bastioun Jost 1867[änneren | Quelltext änneren]

Bastioun Jost[änneren | Quelltext änneren]

D'Bastioun Jost hat eng klassesch Bastiounsform, mat engem onreegelméissege Fënnefeck als Basis. D'Capitale vun der Bastioun louch ongeféier do, wou haut d'Avenue Marie-Thérèse op d'Nei Bréck féiert. Déi lénks Face louch do wou haut d'Opfahrt op d'Nei Bréck ass, déi riets Face läit ënner der Haiserzeil op där Héicht vun der Avenue. D'Spëtzt vun der Contregarde louch do wou haut de Boulevard Prince Henri vun der Avenue Marie-Thérèse ofgeet.

Cavalier Jost a Polfermagaséng[änneren | Quelltext änneren]

Pläng a Grondrëss vum Krichspolfermagaséng Jost.

De Cavalier Jost war do, wou haut d'Gebai vun der Fortis um Centre Hamilius ass. Südlech nieft dem Cavalier war de Polfermagaséng.

Am Cavalier haten d'Preisen e Krichlaboratoire ageriicht (Kriegslaboratorium), dat heescht en Atelier fir d'Artillerie.

De Polfermagaséng Jost war 1866 de leschte Magaséng bannenzeg der Enceinte vun der Stad.[6] a sollt "an zivilem a militäreschem Intressi géint all méigleche Beschoss befestegt ginn." [7] 1861 hat d'Stad eng éischt Kéier gefrot fir d'Krichspolfermagasénger (KPM) an der Enceinte demoléieren ze loossen, wat awer vun der Miltärkommissioun refuséiert gouf. Eréischt mam Aféiere vu Kanounen déi duerch eng Brèche vun hanne geluede konnte ginn, ass net méi sou vill Lagerraum fir d'Munitioun gebraucht ginn, soudatt d'Krichspolfermagasénger an der Enceinte demoléiert goufen, awer nëmmen ënner der Bedéngung, de Magaséng vun der Bastioun Jost erhalen ze kënnen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zum Groussdeel: (de) Jacquemin, Albert. Burgbefestigungen der Stadt Luxemburg. Éditions Saint-Paul (1971). Säiten 75-78.
  2. (fr) Thewes, Guy. De l'enceinte médiévale à la fortification bastionnée: la froteresse de Luxembourg à la veille des temps modernes. An: Luxembourg dans l'Europe de la fin du XVIe siècle: au seuil des temps moderns? Luxembourg: Musée d'histoire de la ville (1997). Säiten 79-92.
  3. De François Mersch schwätzt hei vu 1648. (de) (fr) Mersch, François. Luxembourg: Forteresse et Belle époque. Lëtzebuerg (1985). Säit 11.
  4. (fr) L'héritage culturel / Vauban à Luxembourg. Éditions Saint-Paul (2005). S 34.
  5. (lb) Théato Fernand. Déi urbanistesch Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg. Lëtzebuerg: Fédération Générale de la Fonction Communale (2005). Säiten 19-20.
  6. (fr) Bruns, André. Luxembourg, forteresse de la Confédération Germanique, 1815-1866. Éditions Saint-Paul (2006). Säit 56.
  7. [Source?]
Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
Blason ville lu Luxembourg-ville.svg

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-Tuerm
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten a Schleisen
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-Schleis