Op den Inhalt sprangen

Tréierer Paart

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dënselspaart)
Lag vun den 3 Tréierer Paarten:
[1]: Krudelspaart 14. Jh.
[2]: 1. Tréierer Paart ëm 1393
[3]: 2. Tréierer Paart ëm 1590.

D'Tréierer Paart ass eng fréier Stadpaart fir an d'Festung Lëtzebuerg. Et gëtt verschidde Paarten déi „Tréierer Paart“ genannt goufen an déi op der fréier Haaptverbindung tëscht der Stad an Tréier louchen.

D'Krudelspaart (och nach Kruedelspaart oder Crudelspaart) gëtt fir d'éischt 1395 ernimmt. Et war eng Paart an der drëtter Stadmauer, der sougenannter Wenzelsmauer, déi am 14. Joerhonnert gebaut gouf fir d'Ënnerstad ze schützen. Se stoung op der Héicht vum haiteg sougenannten „Tutesall“ vum fréiere grënnesche Prisong, haut Robert-Krieps Sall vun Neimënster. Vun der Krudelspaart aus ass eng hëlze Bréck iwwer en Niewenaarm vun der Uelzecht gaangen. Reschter vun dëser Bréck goufen uganks den 1990er Jore bei Ausgruewungen entdeckt.

Den Numm staamt - grad ewéi dee vum fréiere Krudelsbuer tëscht dem Gronn a Clausen - vum räiche grënnesche Béierbrauer Michel Krudel[1].

Commons: Kudelspaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Éischt Tréierer Paart

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Tréierer Paart (och nach Al Tréierer Paart, Dënsel(s)paart, Dinsel(s)paart oder Jakobstuerm) ass ëm 1393 gebaut ginn, nodeems d'Krudelspaart zougemaach gi war. Se war vun do un bis géint 1600 d'Haaptpaart fir vun Osten hier an d'Stad eran ze kommen.

Baussent der Paart ass an engem klengen Haus „Porthus“ den Octroi opgehuewe ginn. Vun do aus ass een am Dag iwwer eng hëlze Bréck an duerch eng verwëlleft Paart an d'Stad era komm. Nuets war d'Paart zou. Fir d'Paart ze schützen an absënns well se keng Zuchbréck hat, hat se dräi verschidde Paarten: eng baussenzeg Paart, en eisent Gitter mat enger zweeter Paart hannert dem Bou an zousätzlech nach eng bannenzeg Paart op der Stadsäit.

Am Joer 1443, wéi d'Stad vun de Burgunder ugegraff gouf, ass d'Paart deelweis verbrannt. Méi spéit, 1684, gouf se staark beschiedegt wéi déi franséisch Truppen ugegraff hunn. D'Paart ass duerno awer nees opgeriicht ginn.

Déi Plaz wou d'Paart steet, daucht a Quelle virum 15. Joerhonnert als „Dënsel“ oder „Dinsel“ op, wat sech warscheinlech vum laténgeschen insula (= Insel) ofleede léisst, vu datt de Plateau op dräi Säite vun der Uelzecht ëmginn ass, an dowéinst eng Zort Hallefinsel mécht. Aus deem Grond huet d'Tréierer Paart op dësem Plateau och de Bäinumm „Dënselspaart“ oder „Dinselspaart“.

Tëscht 1815 an 1867 war den Tuerm e Prisong vun der Festungsgarnisoun an e gouf Jakobstuerm genannt, als Referenz op den Numm vun engem bekannten oder berüchtegten Tuermwiechter.

D'Strooss déi vu Clausen bis bei d'Tréierer Strooss féiert ass nom Tuerm genannt: Rue de la Tour Jacob.

Commons: Éischt Tréierer Paart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Zweet Tréierer Paart

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Tréierer Paart (och nach bannenzeg Tréierer Paart) gouf 1590 - warscheinlech vum Péiter Ernest vu Mansfeld - gebaut a stoung an der haiteger Tréierer Strooss, uewenzeg vun der Mauer vun der Abtei Neimënster. Eng Pietà déi bis 1867 dra stoung, gëtt dem Lëtzebuerger spéitgotesche Kënschtler Clais Bildhauwer zougeschriwwen. D'Paart gouf 1868 beim Schleefe vun der Festung nees ofgerappt.

Haut steet op där Plaz eng ugedeit Paart a Form vun enger Stolkonstruktioun déi iwwer d'Strooss féiert an d'Pietà gouf 1995 nees dran integréiert.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. René Clesse, Krudelsgaass, Schelmergaass, Spidailsgaass, Mënstergaass.. an: Ons Stad, Nr. 50/1995, S. 14*-16
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen