Joan Blaeu

Vu Wikipedia
Joan Blaeu
Gebuer 23. September 1596
Gestuerwen 28. Dezember 1673
Amsterdam
Nationalitéit Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen
Aktivitéit Kartograph, Editeur, Instrumentebauer, Graveur, Fotograf
Famill
Papp Willem Blaeu

De Joan Blaeu (de: Johannes Bleau, latiniséiert: Ioanne Blaev), gebuer 1596 zu Alkmaar an den Nidderlanden a gestuerwen den 28. Dezember 1673 zu Amsterdam, war en nidderlännesche Kartograph a Kofferstiecher. Säi bekanntst Wierk ass den Atlas Maior an 11 Bänn, dee 1662 eng éischt Kéier erauskoum an zu deenen opwännegsten an deiersten europäeschen Atlanten vum 17. Joerhonnert zielt.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Joan Blaeu war de Jong vum Willem Janszoon Blaeu, engem Schüler vum Tycho Brahe. Säi Papp huet zu Amsterdam eng Entreprise, déi Globen a Landkaarte produzéiert huet. 1620 krut hien en Doktertitel am Droit. An de Joren duerno schéngt e bei sengem Papp am Betrib geschafft ze hunn. 1636 koum déi éischt Oplo vum Novus Atlas (Theatrum orbis terrarum, sive, Atlas novus) eraus, deen hien an de Joren duerno iwwerschafft huet.

1638, nom Doud vu sengem Papp, huet de Joan zesumme mat sengem Brudder Cornelis d'Entreprise iwwerholl, an hie gouf, wéi säi Papp, offizielle Kartograph vun der Nidderlännescher Ostindien-Kompanie. 1640 koum eng nei Editioun, dës Kéier an 3 Bänn, vum Novus Atlas eraus. Nom Doud vum Cronelis 1642 huet de Joan d'Entreprise eleng dirigéiert. 1651 gouf en an de Conseil vun der Stad Amsterdam gewielt. 1645 a 1654 koume weider Ergänzungsbänn vum Novus Atlas eraus. 1655 koum dee leschte Band dovun, deen iwwer Ostasie war, eraus.

Lucemburgum, 1649.

Ëm 1652 koum eng Sammlung vu Stadpläng vun nidderlännesche Stied eraus. Den éischte Band hat den Titel Toonneel der Steden van de Vereenighde Nederlanden, a war iwwer Stied an der Republik vun de Vereente Provënzen (± dat haitegt Holland), deen 2. housch Toonneel der Steeden van 's Konings Nederlanden an huet déi Spuenesch Nidderlanden (ongeféier déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg) ofgedeckt. Déi laténgesch Editioun hat den Titel Novum ac Magnum Theatrum Urbium Belgicæ Liberæ ac Fœderatæ.

Wéi den Novus Atlas bis fäerdeg war, huet de Blaeu en nach méi ambiziéise Projet ugefaangen: den Atlas Maior, en Atlas aus am Ufank eelef Bänn, dee 1662 fir d'éischt erauskoum an deen aus am Ganzen 3000 Säite bestanen huet. D'Bänn waren a groussem Format an op héichwäertegem Pabeier gedréckt. D'Kaarte waren opwänneg dekoréiert. Et konnt een s'extra vun Hand faarweg nomole loossen, wat se nach méi wäertvoll gemaach huet. Den Atlas Maior war mat eng vun den deierste Publikatioune vu senger Zäit. En hat en aussergewéinleche Succès a gouf méi spéit op Franséisch, Hollännesch an Däitsch iwwersat.

1672 ass dem Blaeu seng Dréckerei beim grousse Feier vun Amsterdam komplett verbrannt, soudatt déi geplangt spuenesch Editioun vum Atlas ni erauskoum. Hien ass dat Joer drop gestuerwen.

Kaarten aus dem Atlas Maior[änneren | Quelltext änneren]

Faksimile-Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior, Taschen, Köln 2005, ISBN 3-822-83125-5 – (Nodrock vun engem Originalexemplar an der Éisträichescher Nationalbibliothéik, Wien.)
  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior - Anglia, Scotia et Hibernia, 2 vol., Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-5104-3
  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior - Gallia, Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-5105-1
  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior - Germania, Austria et Helvetia, 2 vol., Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-5102-7
  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior - Hispania, Portugallia, America et Africa, Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-5106-X
  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior - Hollandia et Belgica, Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-5103-5
  • Van der Krogt, Peter (Hrsg.): Atlas Maior - Italia, Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-5107-8

D'Taschen-Editioune si keng richteg Facsimile-Editiounen, well s'iwweraarbecht goufen.

  • The third centenary edition of Johan Blaeu Le grand atlas: ou cosmographie Blauiane – Faksimile vun der Editioun Amsterdam 1663 an 12 BBänn, Amsterdam Bd. 1 (1967) bis Bd. 12 (1968), mat Préface (1970)
  • Novus Atlas Sinensis: 1655. Faksimileën no der Prachtausgab vun der Herzog August Bibliothek Wolfenbüttel. Hg.: Stiftung Volkswagenwerk Hannover, Stuttgart 1973 (Band 6 vum Novus Atlas)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blaeu – Der große Atlas: die Welt im 17. Jahrhundert. Einführung, Texte und Auswahl der Karten von John Goss, Vorwort von Peter Clark. Hrsg. in Zusammenarbeit mit der Royal Geographical Society, Wien 1990, ISBN 3-701-40304-X
  • Blaeu, Joan und Bert van 't Hoff: Toonneel der steden van de Vereenighde Nederlanden met hare beschrijvingen, Elsevier, Amsterdam, 1966

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Blaeu – Biller, Videoen oder Audiodateien