Pôle d'échange Houwald
|
| |
| Typ | Pôle d'échange |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 7. Juli 2024 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg, Hesper |
| Koordinaten | 49°34'50"N, 6°7'53"O |
| Héicht i. M. | 290 m |
| Reseau | |
| Reseau | Autobus de la Ville de Luxembourg, CFL, Régime général des transports routiers, Stater Tram |
|
| |
De Pôle d'échange Houwald (oder Pôle d'échange Howald) ass e Pôle d'échange op der Grenz tëscht der Stad Lëtzebuerg (Quartier Gaasperech) an der Gemeng Hesper (Houwald), dee follgend Transportinfrastrukture begräift:
- Busgare Howald, Gare / PE (AVL + RGTR)
- Tramshalt Howald Gare
- Gare Houwald
De Pôle d'échange ass – zesumme mat der Verlängerung vum Tram bis op d'Cloche d'or – de 7. Juli 2024 provisoresch opgaangen.
Wéinst juristesche Streiderei konnt d'Bréck iwwer d'Gare Houwald net wéi ursprénglech geplangt, iwwer hir ganz Breet gebaut ginn, sou datt provisoresch eng schmuel Versioun opgaangen ass. Dat bréngt mat sech, datt an enger Iwwergangszäit den Tram just op engem Gleis an d'Bussen iwwerhaapt net iwwer d'Bréck fuere kënnen. Eréischt de 15. Januar 2026 konnt déi ganz Bréck befuer ginn[1]. Fir déi selwecht Iwwergangszäit gouf d'Tramshalt Howald Gare provisoresch westlech vun der Bréck amenagéiert a gouf dunn op d'Bréck geréckelt, nodeems déi fäerdeg war.
Vun der Tramshalt kënnt een engersäits erof op d'Quaie vun der Zuchgare an anersäits op d'Busgare vum Pôle d'échange.
Nodeems am Summer 2026 d'Rulltrapen och op der Südsäit vun der Bréck installéiert gi waren, gouf de Pôle d'échange de 7. Oktober 2026 ageweit.[2]
Lag vum Pôle d'échange
[änneren | Quelltext änneren]De Pôle d'échange gëtt agegrenzt vum CR231 am Süden, dem P+R Lëtzebuerg-Süd (Parking B) am Westen, der Bréck vun der Gare Houwald am Norden an der Parkplaz vum Cactus-Supermarché um Boulevard des Scillas am Osten. D'Busgare läit op enger Héicht vun ca. 290 m.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]Eng Bikebox an ëffentlech Toilettë gëtt et an der Busgare.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Busgare vum Pôle d'échange
- E Regional-Express an der Gare
- D'Tramshalt Howald Gare
- En Tram op der provisoresch eegleiseger Streck
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Pôle d'échange Houwald – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Tramstrecke zwischen Stadion und Findel nun vollständig zweigleisig. Luxemburger Wort (16.01.2026). Gekuckt den 19.01.2026.
- ↑ Aweiung vum Pôle d'échange Houwald (7.10.26). rtl.lu.
