Op den Inhalt sprangen

Pôle d'échange

Vu Wikipedia
Plang vum Pôle d'échange Pont Rouge

E Pôle d'échange ass eng Plaz, wou verschidden Transportreseauen openeentreffen, mam Zil fir d'Intermodalitéit tëscht den eenzelen Transportmodusse fir d'Passagéier méi einfach ze maachen.

Pôle-d'échangë charakteriséiere sech duerch d'Villfalt vun Transportmëttelen op der selwechter Plaz: Goen, Vëlofueren, Bus, Tram, Metro, Zuch oder souguer de Fliger. De Privatauto gehéiert an de Pôle-d'échangen dacks zu den „aneren“ Transportmodussen.

Déi Plazen, déi speziell als Schnëttstell tëscht dem Auto an dem ëffentlechen Transport ausgeluecht sinn, si gemenkerhand Park-and-ride-Anlagen (P+R).

D'Pôle-d'échangë beschränke sech net just op déi technesch Verbindung vun den Transportreseauen, mä se hunn och eng urban Funktioun, andeem se sech an d'urbaant Ëmfeld integréieren.

Eng zousätzlech Funktioun vun de Pôle-d'échangen ass, fir verschidde Servicer unzebidden: Déi kënnen an Zesummenhang mam Transport (Billjeesverkaf, Beschëlderung, Tarifikatioun, …), mat der Stad (urban Informatiounen, Aktivitéiten, …), oder mat aneren Déngschtleeschtungen (Fräizäitariichtungen, Sécherheet, …) stoen.

Pôle-d'échangë kënne vu ganz ënnerschiddleche Gréisste sinn, vum einfachen Uneneeknëppe vun en puer Bushalten, iwwer méi grouss Amenagementer, wou déi verschidden Transportmëttele mat aneren urbanen Ariichtungen (Akafszentrum, Wunnengen, Büroen, …) kombinéiert sinn, bis bei grouss international Garen.

Zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Pôle-d'échangen – Biller, Videoen oder Audiodateien