Op den Inhalt sprangen

Pôle d'échange Pont Rouge

Vu Wikipedia
Pôle d'échange Pont Rouge
Standuert vun der Statioun
Typ Pôle d'échange
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°37'8"N, 6°8'9"O
Héicht i. M. 243 m, 310 m
Reseau
Reseau Autobus de la Ville de Luxembourg, CFL, Régime général des transports routiers, Stater Tram

De Pôle d'échange Pont Rouge[1] (oder Pôle d'échange Rout Bréck) ass e Pôle d'échange an de Quartiere Pafendall a Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, dee follgend Transportinfrastrukture begräift:

Lag vum Pôle d'échange

[änneren | Quelltext änneren]

De westlechsten Deel vum Pôle d'échange ass d'Koppel Bushalte Pfaffenthal, Halte CFL am Descherwee am Pafendall, op enger Héicht vun 243 m. Vun do aus geet et iwwer eng Trap oder mam Lift an d'CFL Gare op 254 m. an en Niveau méi héich ass d'Dallstatioun vum Funiculaire op 271 m. D'Biergstatioun dovu läit op 310 m.

Direkt baussenzeg vum Funiculairesgebai läit d'Tramsstatioun mat engem zentrale Quai, vu wou aus een och bei d'Bushalte Rout Bréck - Pafendall béidsäiteg op der Avenue John F. Kenendy kënnt.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

Bikeboxen an ëffentlech Toilettë gëtt et souwuel am Pafendall wéi och um Kierchbierg. An der Funiculairesgare ass nieft dem Guichet vum Iwwerwaachungspersonal och eng Cafeteria („Lunchtime“) amenagéiert.

Eng Vel'oH!-Statioun besteet um Kierchbierg um westleche Wupp vun der Tramsstatioun.

Commons: Pôle d'échange Pont Rouge – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Numm wéi op der « Carte des centralités principales », Annex vum Nationale Mobilitéitsplang (PNM 2035, plan national de mobilité) vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics