vel'oH!

Vu Wikipedia
De vel'oH! gouf den 21. Mäerz 2008 um Knuedler offiziell lancéiert

vel'oH! ass den Numm vun engem Vëloslocatiounssystem, deen den 21. Mäerz 2008 an der Stad Lëtzebuerg agefouert gouf.

D'Konzessioun fir de System ze bedreiwe krut d'Firma JCDecaux, déi am Géigenzuch 50 Reklammspanneauen (sougenannt "MUPI"en) doruechter huet däerfen opstellen a fir eng festgeluecht Zäit d'Recettë fir déi Panneauen däerf behalen. 2018 gouf d'Konzessioun fir JCDecaux, no engem neien Appel d'offres, fir 10 Joer verlängert.[1]

2022 gouf mat deem System iwwer 1,2 Millioune Mol e Vëlo gelount.

Fonctionnement vun System[änneren | Quelltext änneren]

De System besteet aus Bornen, déi zu hirer méi a Statiounen doruechter opgestallt ginn. Un dëse sinn d'Vëloen elektronesch ugespaart. Fir e Vëlo z'entspären, d.h. een ze lounen, brauch een en Abonnement (fir ee Joer, 3 Deeg oder een Dag). Um Automat bei der Statioun kann een e Kuerzzäit-Abonnement mat enger Kreditkaart ofschléissen, an da mat der Aboskaart e Vëlo fräischalten. Da kann ee bis zu enger halwer Stonn ouni zousätzlech Käschten wéi d'Abonnement de Vëlo gebrauchen. Et kann ee wärend der Gëltegkeet vum Abonnement belibeg dacks e Vëlo léinen. Fiert ee méi laang wéi eng hallef Stonn mam selwechte Vëlo, muss ee fir déi 'Iwwer(hallef)stonne' dropbezuelen. De gelounte Vëlo kann een op egal wat fir enger Statioun, un enger fräier Borne, nees ofstellen. Disponibel Vëloen a fräi Bornë sinn op enger App ze gesinn. Wann d'Statioun, wou een de Vëlo wëll ofsetzen, voll ass, da kritt ee gratis eng Véierelstonn weider, fir déi nächst Statioun unzefueren.

2018 goufen d'Vëloen no an no duerch elektresch ënnerstëtzte Vëloen ersat. Dës hunn eng Autonomie vun 30-40 Kilometer an eng maximal Vitess vu 25 km/h. Si hunn 3 Gäng an och en USB-Chargeur fir den Handy opzelueden.[2],[2]

De Vëlospark an de verschiddene Statioune gëtt permanent iwwer eng Zentral kontrolléiert. Verdeelung vun de Vëloen gëtt am Prinzip zweemol am Dag mat enger Camionnette mat Remorque gemaach. Wann et noutwenneg ass mécht s'eng supplementär Faart. Wann de Vëlo zeréck bei eng Borne kënnt, da ginn automatesch d'Bremsen an d'Luuchte kontrolléiert. Wann déi futti sinn, da gëtt de Vëlo blockéiert a kann net méi verlount ginn. All Vëlo gëtt eemol d'Woch vun Hand op säi gudde Fonctionnement an d'Sécherheet iwwerpréift.[3]

2022 hat de Bedreiwer Krämpes domat, genuch Vëloen zur Dispositioun ze stellen, well der vill dovun Affer vu Vandalismus goufen, andeems s'aus de Bornen erausgerappt goufen, an dann iergenwous an der Landschaft stoe gelooss, wann net futti gemaach, goufen. Dëst soll ewell duerch e méi staarke Späersystem verhënnert ginn.[4]

Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Locatiounssystem besteet am Mäerz 2023 aus enger 1200 Vëloen, déi op 124 Statiounen uechtert d'Stad Lëtzebuerg (86 Statiounen), an d'Nopeschgemengen Hesper (8), Stroossen (5), Mamer (6), Bartreng (10) Leideleng (4) an Nidderanwen (2) verdeelt sinn.[4],[5]

2018 waren et am Ganze 717 Vëloen, déi op 69 Statiounen uechtert d'Stad Lëtzebuerg, a weider 8 an de Gemengen Hesper a Stroossen, verdeelt waren.[1] Am Mäerz 2013 waren et 767 Vëloen, déi op 72 Statioune verdeelt waren[6], am Mäerz 2010 496 Vëloen a 54 Stationen[7], a wéi en 2008 gegrënnt gouf, waren et just 250 Vëloen a 25 Statiounen.

Ausbreedung op Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst sengem Succès an der Stad Lëtzebuerg, hunn d'Nopeschgemenge Stroossen an Hesper sech 2011 drun ugeschloss.[8] 2018 koum och d'Gemeng Bartreng|Bartreng]] mat bäi, an 2021 d'Gemenge Mamer, Leideleng an Nidderanwen.[5] Enn 2023 ass en um Tour vu Walfer.[4]

Vel'oH! ass, no der Stad Esch-Uelzecht hirem Eise Vëlo äre Vëlo an der Gemeng Mamer hirem mamer velo, deen drëtte Lounsystem fir Vëloen am Land.

Eng vel'oH!s-Statioun (Winston-Churchill-Plaz)

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

No deen éischten dräi Méint huet d'Stad Lëtzebuerg en éischte Bilan gezunn: 2.030 Leit haten e Joresabonnement geholl. Et gouf, bannent dräi Méint, 36.153-mol e Vëlo gelount, dat war an der Moyenne 406-mol am Dag.[9]

Mëtt September 2008 louch d'Zuel vun den Abonnente bei 2.700, an déi vun de gelounte Vëloe bei 70.000.[10]

Am Mäerz 2009 war d'Zuel vun den Abonnenten op 3.000 eropgaangen; den Total vun 100.000 Locatioune war schonn am Januar 2009 iwwerschratt ginn. D'Moyenne vu gelounte Vëloe pro Dag läit bei 300. No engem Joer war keen eenzegen Accident mat engem Vel'oH ze bekloe gewiescht.[11]

Zwee Joer zanter der Grënnung vum System, am Mäerz 2010, war am Ganzen 260.000-mol e Vëlo gelount ginn an et gouf 4.021 Leit mat engem Joresabonnement. Dem Stater Schäffe François Bausch no goufen am Ganze méi wéi eng Millioun Kilometer op de Vel'oh!-Vëloen gefuer.[7]

En halleft Joer méi spéit, am Oktober 2010, louch de Bilan bei 4.550 Laangzäit-Abonnenten an engem Total vun iwwer 360.000 Locatiounen.[12]

Am Mäerz 2013 hate 5.400 Leit e Joresabonnement, an et goufen am Joer 2012, 600.000 Trajete gezielt. 2/3 vun de Benotzer si Männer, 1/3 Fraen. 60 % dovu wunnen an der Stad Lëtzebuerg.[13] Wann een all d'Zäiten, déi bis dohi mat de Vëloe gefuer goufen, zesummerechent, kënnt een op 40 Joer, oder an Distanz ausgedréckt, 60-mol den Tour ronderëm d'Äerd.[6]

Enn Juni 2014 louch d'Zuel vun de Laangzäitabonnente bei 6.245; vun Ufank u bis dohinner goufen zousätzlech eng 93.000 Dagesabonnementer kaaft. D'Zuel vun den Trajeten huet ewell d'Milliounegrenz iwwerschratt, genee 1.005.165-mol gouf zanter der Grënnung vum System e Vëlo gelount. Réckbléckend goufen an de Wanterméint (November 2013 bis Februar 2014) an der Moyenne 260 Vëloen am Dag gelount, wärend et der an der Summerperiod (Mäerz bis Oktober 2013) ronn 600 den Dag waren.[14]

2015 war d'Zuel vun den Dauerabonnenten op 6 991 eropgaangen. An de Wanterméint louch d'Moyenne vu gelounte Vëloen ewell bei 320 Locatiounen den Dag, an an de Summerméint bei 610.[15]

Ufanks 2018 goufe ronn 7.500 Joresabonnementer gezielt.[1] Enn deeës Joers louch d'Zuel vun de Statiounen eleng an der Stad bei 94 Statiounen, an déi vun de Vëloe bei 860.[2]

Am Februar 2022 louch d'Zuel vun de Laangzäitabonnementer bei 20.600. 2021 gouf et eng 800.000 Locatiounen. Et gouf 116 Statiounen, op deenen 1000 Vëloen ze fanne waren.[16]

Fir d'Joer 2022 goufen iwwer 1,2 Millioun Locatioune gezielt.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vel'oh! – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "10 ans de vel'oh!." In: City. Magazine officiel de la Ville de Luxembourg, 02/2018, S.19.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Déi nei elektresch Locatiounsvëloen kommen Enn November." rtl.lu, 06.11.2018, 10:21:10/
  3. LVI-Info 71,S.13-15.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Catherine Kurzawa: "15 ans au Luxembourg: Vel’oh grandit et s’arme contre le vandalisme." paperjam.lu, 21.03.2023.
  5. 5,0 5,1 "Trois nouvelles communes adoptent les Vel’oh." paperjam.lu, 17.09.2021.
  6. 6,0 6,1 "Vel'oh!: cinq ans déjà à Luxembourg." wort.lu, Publié le 21.03.13 15:58.
  7. 7,0 7,1 "Fahhradverleih-System feiert 2. Geburtstag: Eine Million Kilometer mit dem 'Vel'oh'." wort.lu 18.03.2010 12:08 Auer.
  8. "De Vel'oh soll elo och op Stroossen an Hesper kommen." RTL.lu, 28.02.2011, 07:03 - Fir d'lescht aktualiséiert: 28.02.2011, 11:36.
  9. http://www.veloh.lu/magazine/actualites/optimisation_des_infrastructures
  10. Tageblatt 16.09.08, S.20.
  11. ja "Véloh: Un an déjà!" op veloh.lu; "Ein überwältigender Erfolg" op wort.lu.
  12. "vel'oh ! - Toujours en croissance." Communiqué op veloh.lu, 05.10.2010.]
  13. "De Stater Vel'oh feiert seng 5 Joer: 5.400 Abonnenten." RTL.lu - 21.03.2013, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2013, 07:07.
  14. "Bal 100'000 Leit hunn en Abonnement. Zanter 2008 gouf an der Stad Lëtzebuerg iwwer eng Milliounmol op de Vel'oh zréckgegraff." rtl.lu, 03.07.2014, 15:13:59.
  15. Pressecommuniqué vun der Stad Lëtzebuerg, 24. Februar 2016.
  16. City 04/2022, S.8.