MUPI

Vu Wikipedia
E MUPI zu Enschede

MUPI ass den Akronym fir Mobilier urbain pour (la publicité et) l'information a bezeechent Panneaue mat enger Fläch vun 2 , déi zanter iwwer 40 Joer a Stied vun der Firma JCDecaux opgestallt ginn, fir dora Publicitéitsaffichen opzehänken. Wéinst hirer Form gi se a Frankräich och alt Sucette (Lutsch) genannt.

An der Stad Lëtzebuerg war d'Opstelle vu sou Panneauen 2008 d'Conterpartie dofir, datt JCDecaux en elektronesche Locatiounsreseau fir Vëloen, de sougenannte vel'oH!, installéiert huet an ënnerhält. En Deel hunn der gläich nom Opstellen nees missen ewechgeholl ginn, well se d'Vue vun den Automobiliste verspaart hunn oder soss gehënnert hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]