Quadratmeter
Eenheet | |
---|---|
Norm | SI |
Eenheetsnumm | Quadratmeter |
Eenheetszeechen | |
Geschriwwe Gréisst (n) | Flächeninhalt, Uwerfläch, Querschnëttsfläch |
Gréisstensymboler | |
Dimensiounsnumm | Fläch |
an SI-Eenheeten | SI-Basiseenheet |
Ofgeleet vun | Meter |
De Quadratmeter oder Meterkaree ass eng SI-Eenheet vun der Fläch. Si déngt fir d'Miesse vu Flächen. Ee Quadratmeter ass eng Flächemooss an ass d'Fläch vun engem Quadrat mat der Säitelängt vun 1 Meter.
D'Eenheetenzeeche fir Quadratmeter ass m2. Déi dacks gebraucht Ofkierzungen qm oder m^2 sinn entspriechend dem SI-Eenheetesystem net zoulässeg. Déi Bezeechnunge stamen aus der Fréizäit vun der Schreifmaschinn respektiv vum Computer, wéi déi héichgestallt „2“ nach net duergestallt konnt ginn.
Ëmrechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 10−28 m2 = 1 b (Barn (an der Kär- an Atomphysik))
- 1 m2 = 1.000.000 mm2 (Quadratmillimeter)
- 1 m2 = 10.000 cm2 (Quadratzentimeter)
- 1 m2 = 100 dm2 (Quadratdezimeter)
- 100 m2 = 1 a (Ar)
- 10.000 m2 = 1 ha (Hektar)
- 1.000.000 m2 = 1 km2 (Quadratkilometer)
Ar an Hektar si gesetzlech Eenheeten am Miesswiesen mat beschränktem Uwendungsberäich.
- 1 square inch = 6,4516 cm2
- 1 square foot = 144 square inch = 929,0304 cm2
- 1 acre = 43560 square feet = 4046,8564224 m2
- 1 square mile = 640 acre = 2,589988110336 km2
Quadratmillimeter
[änneren | Quelltext änneren]Ee Quadratmillimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Millimeter mol 1 Millimeter, also 10−6 m2.
D'Eenheetenzeeche fir Quadratmillimeter ass mm2.
Quadratzentimeter
[änneren | Quelltext änneren]Ee Quadratzentimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Zentimeter op 1 Zentimeter, also 10−4 m2.
D'Eenheetenzeeche fir Quadratzentimeter ass cm2.
Quadratdezimeter
[änneren | Quelltext änneren]Ee Quadratdezimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Dezimeter op 1 Dezimeter, also 10−2 m2.
D'Eenheetenzeeche fir Quadratdezimeter ass dm2.
Quadratkilometer
[änneren | Quelltext änneren]Ee Quadratkilometer ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Kilometer op 1 Kilometer, also 1 Millioun m2. Ee Quadratkilometer ass och 100 ha. D'Eenheetenzeeche fir Quadratkilometer ass km2.
Déi ëmmer nach dacks gebraucht Ofkierzung qkm entsprécht net dem internationalen Eenheetesystem.