Gare du Nord (Paräis)

Vu Wikipedia
Gare du Nord
Erëffnung: 20. Juni 1846
Arrondissement: 10.
Passagéier all Joer: 180 Milliounen
Catenaire: 25kV 50 Hz
Destinatiounen: Nord-Frankräich, London
Belsch, Amsterdam, Köln

D'Gare du Nord vu Paräis ass eng vu 7 Haaptgare vun der franséischer Haaptstad. Si gouf den 20. Juni 1846 als Gare de Belgique ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Nord-Frankräich an Nord-Europa. Et ass déi eelst Paräisser Gare déi nach am Originalzoustand ass an eng vun den eelsten op der ganzer Welt.

Si ass haut déi europäesch Gare an där déi meescht Reesend passéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare du Nord ass den 20. Juni 1846 als Gare de Belgique gebaut ginn, a war Terminus fir all d'Zich déi Paräis aus dem Norden erreeche wollten. Ma schonn 1861 war déi belsch Gare un hir Limitt komm an 1864 gouf déi haiteg Gare du Nord gebaut, déi déi dräifach Capacitéit hat. Den Architekt war de Jacques Ignace Hittorff, an et war wuel deem säi schéinst Wierk. D'Fassad déi als Monument klasséiert ass, krut eng Entrée wéi en Arc de triomphe, fir d'Prosperitéit vum Zuch a seng Victoire an der Industrie an am Transport ze markéieren. Si ass mat ville Statue garnéiert, déi d'Stied duerstellen, déi vun der Gare du Nord aus z'erreche waren. Hir U-Form déi klassesch fir Kappgare vun där Zäit ass huet allerdéngs keng Vergréisserungen erlaabt. Well d'Quaien allerdéngs grouss ugeluecht waren konnten 1884 dräizéng Gleiser amplaz vun den 8 originale Gleiser ugeluecht ginn. Et war haaptsächlech de Verkéier mat der Banlieue deen d'Ursaach vun där Evolutioun war. Mä 1889 war schonn nees eng Kéier sou wäit datt huet misse vergéissert ginn. Den Interieur vun der Gare gouf ëmgebaut an am Ostfligel goufe Salle d'attenten a Postbüroen ewechgerappt fir 5 weider Gleiser Plaz ze maachen.

1993 gouf d'Gare komplett nei amenagéiert, well wéinst der Fäerdegstellung vun der LGV Nord, mat enger Explosioun vun de Passagéierzuelen am TGV- an Eurostarberäich gerechent gouf.

Eisebunnsstreck[änneren | Quelltext änneren]

SNCF
RER
Paräisser Metro

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

D'Fassade vun der aler belscher Gare gouf ofgedroen an op Lille bruecht, wou ee se haut nach als Fassade vun der Gare Lille-Flandres gesi kann.

Destinatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Destinatioune vun der Gare du Nord (bloe Beräich).

Schabloun:Navigatioun Garen op der Eisebunnsstreck Paräis - Lille Schabloun:Navigatioun Garen op der Linn RER B Schabloun:Navigatioun Garen op der Linn RER D