Banlieue

Vu Wikipedia
Banlieue an Erevan Armenien

Banlieue [bɑ̃ˈljø] (lat.: bannum leucae) ass ursprénglech de franséischen Ausdrock fir d'Gemengen an Uertschafte ronderëm eng grouss Stad. Historesch ass dës Bezeechnung fir de Beräich vun enger Meil ronderëm d'Stad entstanen, deen nach ënner d'Juridiktioun vun de Geriichter vun der Stad gefall ass.

Zanter den 1970er gëtt den Ausdrock virun allem fir d'Randberäicher vun de grousse franséische Stied benotzt, an deenen et vill Sozialwunnengen (Plattebau, HLM) wéi vill Immigranten gëtt. Déi Gebidder sinn dann och meeschtens sozial Brennpunkter mat Problemer wéi Aarbechtslosegkeet an Drogekonsum. De Begrëff Banlieue huet an eisem Sproochraum eng negativ Konotatioun kritt.

D'Héichhaiser sinn an de 60er a 70er Joren entstanen, fir bëlleg Wunnméiglechkeete fir d'Aarbechter an d'Awanderer ze bidden, déi an de Stied geschafft hunn. D'Haiser hate kee grousse Luxus, mä hunn awer e moderne Komfort gebueden.

De Film La haine vum Mathieu Kassovitz aus dem Joer 1995 weist dat trauregt Liewen an de franséische Banlieuen, a behandelt d'Liewe vun dräi Protagonisten, deenen hir Welt aus Hip-Hop, Gewalt, Drogen an Ausenanersetzunge mat der Police besteet.

Déi franséisch Hip-Hop-Grupp NTM huet 1999 an hirem Lidd Police op d'Problematik opmierksam gemaach:

Police: vos papiers, contrôle d'identité
Formule devenue classique à laquelle tu dois t'habituer.
Seulement dans les quartiers
Les condés de l'abus de pouvoir ont trop abusé.
Aussi sachez que l'air est chargé d'électricité,
Alors pas de respect, pas de pitié escomptée
Vous aurez des regrets car:
Jamais par la repression vous n'obtiendrez la paix,
La paix de l'âme, le respect de l'homme.
Mais cette notion d'humanité n'existe plus quand ils passent l'uniforme,
Préférant au fond la forme, peur du hors norme.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]