Op den Inhalt sprangen

Boulevard des Scillas

Vu Wikipedia
Boulevard des Scillas
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper

De Boulevard des Scillas ass eng Strooss um Houwald an der Gemeng Hesper.

Se ass no der Blummegattung Scilla genannt, wéinst der rarer Mäerzblimmchen déi net wäit dervun am Doulemerdall wiisst.

Virum 1. Juni 2024 huet se Rue des Scillas geheescht.[1]

D'Strooss fänkt op der Grenz mat der Gemeng Lëtzebuerg, op der Héicht vum Rangwee un, do, wou dësen no Westen ofbéit fir an engem Tunnel ënner der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz erduerch ze goen.

Se geet a süd-südwestlecher Richtung bis bei de Rond-point mam CR231 an huet eng Längt vun enger 920 Meter.

D'Rue des Scillas gouf an den 1970er Joren ugeluecht, a geschwënn hu sech Industrie- an Handelsbetriber op der westlecher Säit etabléiert.

Vum Ufank vun den 2020er Jore u gouf un der Strooss geschafft, fir se op 34 Meter méi breet ze maachen, fir sou Plaz fir zweemol 2 Spuere fir de motoriséierte Verkéier an eng Vëlospist ze kréien. Zanter dem 7. Juli 2024 fiert d'Tramslinn T1 vum Stater Tram derduerch.

D'Strooss gouf dunn och en Deelstéck vun der neier Nationalstrooss 40. Gläichzäiteg gouf am nërdlechen Deel d'Drosbech kanaliséiert an e Baseng fir Reewaasser gebaut. Den Tram huet op der Héicht vum Tennisclub eng Halt, déi no der Strooss genannt ass, a béit dann op der Héicht vun der Gare Houwald no Westen of, fir iwwer d'Eisebunnslinn an d'Autobunn A3 an de Gaasperecher Bann eriwwerzefueren.[2]

Wéi d'Strooss nei ugluecht gouf, si parallel derzou nei Bauprojeten entstanen: Sou kënnt den nei Sëtz vum Lëtzebuerger Roude Kräiz dohinner, grad wéi e Projet vu 5 Gebaier op 2 Hektar mat am Ganzen enger 140 Wunnengen (AXS genannt).[3] 2025-26 plënnert d'Bëtongsfirma Feidt op Zéisseng, an op där hirem Terrain vun 2,26 Hektar sollen dono 226 Wunnengen entstoen.[4]

Commons: Boulevard des Scillas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. David Thinnes: "Am Boulevard des Scillas wird für die Zukunft gebaut." wort.lu [w+], 06.06.2024.
  2. "Die Verwandlung der Rue des Scillas schreitet voran." wort.lu, 10.12.2021.
  3. "So wird sich die Rue des Scillas verändern." wort.lu, 06.06.2021.
  4. David Thinnes: "Wohnen und leben statt Betonproduktion." wort.lu [w+], 2023-11-28.