Op den Inhalt sprangen

Howald Gare (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Tramshalt um Houwald. Fir d'CFL-Gare um Houwald, kuckt wgl. Gare Houwald.
Howald Gare
Januar 2026: Den Tramshalt an 2 Richtungen op der Bréck
ass eng Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 7. Juli 2024
genannt no Gare Houwald
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper
Uertschaft Houwald
Koordinaten 49°34'54,52"N, 6°7'51,28"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Streck(en) Luxtram-Linn T1
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
 
Nopeschstatioun(en) Scillas,
Lycée Vauban

Howald Gare ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 7. Juli 2024 opgaangen ass.

S'ass en Deel vum Pôle d'échange Houwald.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

Déi definitiv Statioun ass op der Gemengegrenz tëscht der Stad Lëtzebuerg (Quartier Gaasperech) an der Gemeng Hesper (Uertschaft Houwald) geplangt a läit dann nordwestlech vun der Zuchgare Houwald, um westleche Wupp vun enger neier Bréck déi vum Boulevard des Scillas aus a Richtung vun der Y-Bréck féiert.

D'Bréck huet mussen an zwou Etappe gebaut ginn, well wéinst juristeschen Onkloerheeten ëm eng Parzell ufanks just eng schmuel Versioun mat engem, amplaz zwéin, Gleiser gebaut konnt ginn, mat enger provisorescher Tramshalt e Stéck méi westlech, um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 2024 bis 2026 gouf dat südlecht Stéck gebaut,[1] wou de 15. Januar 2026 déi defintiv Halt hikoum.[2]

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport Scillas Howald Gare Lycée Vauban Stadion

D'Statioun läit direkt bei der Gare Houwald, no där se och genannt ass.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel. Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Howald Gare / PE).

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Howald Gare (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. "Den Ausbau vum Tram um Houwald kann endlech virugoen." rtl.lu, 06.12.2023.
  2. Tramstrecke zwischen Stadion und Findel nun vollständig zweigleisig. Luxemburger Wort (16.01.2026). Gekuckt den 19.01.2026.