Op den Inhalt sprangen

Héienhaff P+R (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Tramshalt um Héienhaff. Fir de Lieu-dit an de fréieren Haff, kuckt wgl. Héienhaff.
Héienhaff P+R
ass eng Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 2. Mäerz 2025
genannt no Héienhaff
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Uertschaft Sennengerbierg
Koordinaten 49°38'28,03"N, 6°13'4,66"O
Reseau
Reseau Stater Tram
Streck(en) Luxtram-Linn T1
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
 
Nopeschstatioun(en) Findel - Luxembourg Airport,
Luxexpo

Héienhaff P+R ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 2. Mäerz 2025 opgaangen ass.

S'ass en Deel vum Pôle d'échange Héienhaff.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit beim Autobunnsverdeeler Sennengerbierg, südlech vun der Autobunn A1 an ëstlech vun der Nationalstrooss 1, um Sennengerbierg an der Gemeng Nidderaanwen. Se läit tëscht de Statioune Luxexpo am Westen a Findel - Luxembourg Airport am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport Findel - Luxembourg Airport Héienhaff P+R Luxexpo Stadion

D'Statioun läit an der Géigend vum Flouer Héienhaff, no deem se och genannt ass. E provisoresche Park and Ride nieft der Statioun ass den 28. Abrëll 2025 opgaangen. An de Joren duerno ass geplangt e Parkhaus an eng grouss Busgare do opzeriichten.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioungëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Senningerberg Héienhaff PE).

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Héienhaff P+R (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]