Op den Inhalt sprangen

Findel - Luxembourg Airport (Tramshalt)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Findel Aéroport (Tramshalt))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Tramshalt beim Fluchhafen. Fir de Fluchhafen um Findel, kuckt wgl. Fluchhafe Lëtzebuerg.
Findel - Luxembourg Airport
Den Terminus vum Tram um Fluchhafen
ass eng Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 2. Mäerz 2025
genannt no Fluchhafe Lëtzebuerg
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Uertschaft Sennengerbierg
Koordinaten 49°38'7,33"N, 6°13'1,74"O
Reseau
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
 
Nopeschstatioun(en) Héienhaff P+R

Findel - Luxembourg Airport ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 2. Mäerz 2025 opgaangen ass.

Se läit nordëstlech vum Terminal A vum Fluchhafe vu Lëtzebuerg, um Gebitt vun der Gemeng Nidderaanwen, an ass den nërdlechen Terminus vun der Linn.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit um Areal vum Fluchhafe vu Lëtzebuerg, no deem s'och genannt ass.

Den zweeten Deel vum Numm "Findel - Luxembourg Airport" ass op Englesch, fir engem internationale Publikum onmëssverständlech ze verstoen ze ginn, dass do de Fluchhafen ass (d'Metonymie "Findel" dofir wier just de Lëtzebuerger e Begrëff).[1]

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
--- --- Findel - Luxembourg Airport Héienhaff P+R Stadion

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Aéroport).

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Findel - Luxembourg Airport (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Frank Weyrich: "Zusätzliche Sprache für neue Tramhaltestelle." wort.lu, 18.11.2024.