Theater (Tramshalt)
|
| |
| Typ | Tramshalt |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 27. Juli 2018 |
| genannt no | Grand théâtre de la ville de Luxembourg |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Uertschaft | Lampertsbierg, Uewerstad |
| Koordinaten | 49°37'4,08"N, 6°7'31,01"O |
| Reseau | |
| Bedreiwer | LuxTram |
| Reseau | Stater Tram |
| Streck(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Passagéier/Joer | 1.744.399 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Rout Bréck - Pafendall, Faïencerie |
|
| |
Theater ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 27. Juli 2018 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit an der Rue des Glacis am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Rout Bréck - Pafendall am Osten a Faïencerie am Westen.
| Aus Richtung | Halt virdrun | Linn | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Stadion | Faïencerie | T1 | Rout Bréck - Pafendall | Findel - Luxembourg Airport | ||
D'Statioun läit direkt beim Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg, no deem se och genannt ass.
Halt „Trounwiessel“
[änneren | Quelltext änneren]
Am Kader vun de Feierlechkeete vum Trounwiessel 2025, krut d'Tramshalt iwwer den éischten Oktoberweekend de provisoreschen Numm „Trounwiessel“; doriwwer eraus ass an den Trammen déi akustesch Annonce vun der Halt vum Guillaume vu Lëtzebuerg geschwat ginn.[1]
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel. Bei der Statioun gëtt et ëffentlech Toiletten, eng Vel'oH!-Statioun beim Rond-point Schuman an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Theater).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Tramshalt
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]- de Stater Park
- d'Schueberfouer um Glacis (Enn August, uganks September)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Theater (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen op dëser Statioun:
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Trounwiessel | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg. Gekuckt de 06.10.2025.
