Stäreplaz / Étoile (Tramshalt)
|
| |
| Typ | Tramshalt |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 27. Juli 2018 |
| genannt no | Stäreplaz |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Uertschaft | Rollengergronn, Uewerstad |
| Koordinaten | 49°36'48,71"N, 6°7'10,78"O |
| Reseau | |
| Bedreiwer | LuxTram |
| Reseau | Stater Tram |
| Streck(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Passagéier/Joer | 1.703.852 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Faïencerie, Hamilius |
|
| |
Stäreplaz / Étoile ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 27. Juli 2018 opgaangen ass.
S'ass en Deel vum Pôle d'échange Stäreplaz / Étoile.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit an der Rue Jean-Pierre Probst am Quartier Rollengergrond/Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Faïencerie am Norden an Hamilius am Süden.
| Aus Richtung | Halt virdrun | Linn | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Stadion | Hamilius | T1 | Faïencerie | Findel - Luxembourg Airport | ||
D'Statioun läit direkt bei der Stäreplaz, no där se och genannt ass.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel. Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Stäreplaz / Étoile).
D'Gleis a Richtung Fluchhafe läit am Stroosseraum, deen den Tram sech mat den Awunner aus der Rue Jean-Pierre Probst deele muss. D'Ausfaarte vun de private Grondstécker stoussen direkt op d'Gleis a si mat Verkéiersluuchte gereegelt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Tramshalt
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stäreplaz / Étoile (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen op dëser Statioun:
