Verkéiersluucht

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Verkéiersluucht fir Foussgänger a Vëlosfuerer am Zwee-Faarwesystem

Eng Verkéiersluucht ass en Dispositif deen et erlaabt de Verkéier tëscht de verschiddene Stroossebenotzer (Gefierer, Foussgänger, …) ze regelen.

Eng Verkéiersluucht schreift de Stroossebenotzer e gewëssent Verhale vir doduerch datt se verschidden Zeechen uweist. Déi Zeeche kënnen d'Form vu geometresche Figuren, Fäiler, Symboler oder Opschrëften hunn a liichten entgéint der Richtung an déi de Verkéier fléisst fir dee se bestëmmt sinn.

Déi rechtlech Bezeechnung nom Code de la route fir d'Verkéiersluuchten ass „signaux colorés lumineux“.[1]

Gebrauch vu Verkéiersluuchten[änneren | Quelltext änneren]

provisoresch Verkéiersluucht bei engem Schantjen

Verkéiersluuchte ginn haaptsächlech gebraucht fir d'Verkéierssécherheet vun de Stroossebenotzer ze verbesseren an e gewësse Verkéiersfloss ze garantéieren. Hei e puer Beispiller wou Verkéiersluuchte agesat ginn:

  • fir de Verkéier op enger Kräizung ze regelen, fir de Stroossentrafic grad sou wéi och fir d'Foussgänger;
  • fir de Foussgänger op enger Strooss mat vill Trafic ze garantéieren, datt si sécher iwwer d'Strooss goe kënnen. An dëse Fäll fonctionnéiert d'Verkéiersluucht gemenkerhand just op Ufro, d. h. datt de Foussgänger e Knäppchen drécke muss fir datt d'Luucht a Betrib geet;
  • fir an engem enke Passage, wéi z. B. bei engem Schantjen oder enger Bréck wou ee fir déi zwou Richtungen nëmmen eng Fuerspur huet, d'Virfahrt ze regelen;
  • fir op enger Strooss mat méi Spuren déi eng oder aner Spur fir de Verkéier fräi ze ginn oder ze spären;
  • fir aus Sécherheetsgrënn bei engem Accident oder Brand den Accès an en Tunnel ze spären.

Faarwesystem a Reiefolleg vun de Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

Eng Verkéiersluucht gëtt et mat engem Zwee- oder Dräi-Faarwesystem. Beim Zwee-Faarwesystem - dee gemenkerhand just fir Foussgänger an Vëlosfuerer gebraucht gëtt - sinn d'Luuchte rout a gréng, beim System mat dräi Faarwe si se rout, orange (oder giel) a gréng.

  • Déi rout Luucht heescht datt een obligatoresch stallhale muss;
  • Déi gréng Luucht heescht datt ee fräi fuere kann;
  • Déi orange Luucht weist un, datt et drop an drun ass, datt d'Richtung wiesselt an där de Verkéier fléisst an datt et verbueden ass weider ze fueren. Dëse Verbuet gëllt net fir déi Chaufferen déi - am Ament wou déi orange Luucht opliicht – sou no derbäi sinn, datt se net méi an den néidege Sécherheetskonditiounen stoe bleiwe kënnen. Déi orange Luucht weist awer och nach deene Chaufferen déi an der Kräizung stinn un, datt se d'Kräizung fräi maache mussen.
Traffic lights 3 states.svg
Traffic lights 4 states.svg

Zu Lëtzebuerg, mä och a Frankräich oder an der Belsch, funktionéieren d'Verkéiersluuchten an enger Sequenz vun dräi Positiounen: rout – gréng – orange.

Ënner anerem an Däitschland an an der Schwäiz funktionéieren d'Luuchten an enger Sequenz vu véier Positiounen: rout – rout/orange - gréng – orange. An dësem Fall heescht déi „rout/orange“ Luucht, datt e gläich „gréng“ gëtt.

An Éisträich oder Litauen ginn et fënnef Positiounen: no der Positioun „3“ weist eng gréng Luucht déi blénkt d'Enn vum „gréng“ un an datt elo gläich „orange“ gëtt.

Besonnesches[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng orange Luucht déi blénkt heescht, datt een oppasse muss; dës Luucht gëtt et och a Form vun engem Fäil.
  • Virun engem Gleisiwwergank weist eng oder zwou rout Luuchten déi blénken un, datt geschwënn en Zuch gefuer kënnt an datt - bei engem Gleisiwwergank mat Barrièren - d'Barrière gerschwënn zouginn. Soubal déi rout Luuchte blénken, ass et verbueden de Gleisiwwergank ze betrieden.
  • Wann eng Verkéiersluucht a Form vun engem Fäil liicht, da gëllt dës Luucht nëmme fir déi Richtung an déi de Fäil hiweist.

Speziell Luuchte fir den ëffentlechen Transport[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Verkéier vum ëffentlechen Transport ze regele ginn z. B. op de Busspuren speziell Verkéiersluuchten opgeriicht, déi gëllen fir all déi Gefierer, déi iwwer d'Busspure fueren däerfen. Dës Luuchte liichte wäiss oder hellgiel.

  • En horizontale Stréch heescht, datt een obligatoresch stallhale muss;
  • E vertikale Stréch heescht, datt ee fräi fuere kann; weist de Stréch no uewe riets oder uewe lénks, da kann een nëmme an déi Richtung fräi fuere wou de Stréch hiweist. Wann de Buschauffer deenen anere Chaufferen d'Virfahrt iwwerloosse muss, da gëtt dëst mat engem wäissen Dräieck ugewisen, deen d'Spëtzt no ënnen huet;
  • En Disque weist un, datt et drop an drun ass, datt d'Richtung wiesselt an där de Verkéier fléisst an datt et verbueden ass weider ze fueren. Dëse Verbuet gëllt net fir déi Chaufferen déi - am Ament wou den Disque opliicht – sou no derbäi sinn, datt se net méi an den néidege Sécherheetskonditioune stoe bleiwe kënnen. Den Disque weist awer och nach deene Chaufferen, déi an der Kräizung stinn, un datt se d'Kräizung fräi maache mussen.

Opriichte vun de Verkéiersluuchten[änneren | Quelltext änneren]

Verkéiersluucht vertikal an horizontal

D'Verkéiersluucht gëtt entweder vertikal opgestallt, mat der rouder Luucht uewen oder horizontal, mat der rouder Luucht lénks. Horizontal Verkéiersluuchte gi relativ seele gebraucht. Am Dräi-Faarwesystem gëtt déi orange Luucht tëscht déi rout an déi gréng placéiert.

Zu Lëtzebuerg - wéi an de meeschten europäesche Länner – stinn d'Verkéiersluuchte virun der Kräizung; si musse prinzipiell op der rietser Säit stoen, kënnen awer op der lénkser Säit oder iwwer der Fuerbunn widderholl ginn. An Ausnamefäll geet et duer wa se nëmmen iwwer der Fuerbunn hänken.

Déi Luuchten déi riets oder lénks nieft der Strooss sti musse sou opgestallt sinn, datt den ënneschte Bord vun der Luucht op d'mannst 2 Meter an héchstens 3,50 Meter iwwer der Strooss hänkt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Verkéiersluuchten op der Welt, déi mat Gasluuchte funktionéiert hunn, goufen den 10. Dezember 1868 zu London um Parliament Square a Betrib geholl. Se sinn awer schonn no engem Mount explodéiert a goufen nees ofgeschaaft.

Déi éischt elektresch bedriwwe Verkéiersluucht gouf de 5. August 1914 zu Cleveland, Ohio, an den USA op der Kräizung Euclid Avenue an East 105th Street a Betrib geholl. Se huet nëmme mat den zwou Faarwe rout a gréng geschafft. Déi éischt dräifaarweg Verkéiersluuchte sinn am Joer 1920 zu Detroit an zu New York a Betrib geholl ginn.

An Europa goufen déi éischt dräifaarweg Verkéiersluuchte 1922 zu Paräis (Rue de Rivoli/Boulevard de Sébastopol) an zu Hamburg (Stephansplatz) installéiert. An den 1920er Jore goufen an Europa Verkéiersluuchten a ville Groussstied installéiert. Méi kleng Stied krute Verkéiersluuchten awer eréischt an den 1950er Joren.

Sou och zu Lëtzebuerg wou 1951 eng vun den éischte Verkéiersluuchten an der Stad um Pôle Nord installéiert gouf.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersluucht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 109 aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 6. Juli 2014.
  2. Paul Hinger am Luxemburger Wort vum 5. August 2014, S. 12-13: Ein Geburtstagskind leuchtet Rot