Op den Inhalt sprangen

Schëld D, 10

Vu Wikipedia
Schëld D, 10
Reservéiert Spuer fir Gefierer vum reegelméissegen ëffentlechen Transport
Bezeechnung D, 10
Kategorie Verkéiersgebuetsschëld
Land Lëtzebuerg


D'Schëld D, 10 ass e Verkéiersgebuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Chaufferen uweist, datt déi Spuer déi mam Schëld ekipéiert ass, reservéiert ass fir Gefierer vum reegelméissegen ëffentlechen Transport a fir Gefierer vum Schülertransport an datt et deenen anere Kategorië vu Benotzer verbueden ass op där Spuer ze fueren.

Ausname mam Zousazschëld Modell 6aa[änneren | Quelltext änneren]

D'Zousazschëld Modell 6aa erlaabt de Chauffere vun dëse Gefierer op der reservéierter Spuer ze fueren:

  • Taxien
  • Ambulanzen
  • Gefierer vun den Dokteren am Déngscht
  • Autobussen an Touristebussen déi gebraucht gi fir Farschoulzwecker oder fir de praktesche Fürerschäinsexamen
  • Autobussen an Touristebussen déi gebraucht gi fir de prakteschen Examen am Kader vun der Qualifikatioun an der Formatioun déi virgesi si vum Gesetz vum 5. Juni 2009 „Loi relative à la qualification initiale et à la formation continue des conducteurs de certains véhicules routiers affectés aux transports de marchandises ou de voyageurs”
  • gepanzert Gefierer fir de Geldtransport an deenen hir Begleetautoen.

Ausname mam Zousazschëld Modell 6a[änneren | Quelltext änneren]

D'Zousazschëld Modell 6a erlaabt de Vëlosfuerer op der reservéierter Spuer ze fueren.

Originaltext aus dem Code de la Route[änneren | Quelltext änneren]

„10. Voie réservée aux véhicules des services réguliers de transport en commun – Le signal D,10 indique aux conducteurs que la voie de circulation qui en est munie est réservée aux conducteurs de véhicules des services de transports publics et de véhicules effectuant le ramassage scolaire et que l'accès en est interdit aux autres catégories d'usagers.
Le panneau additionnel du modèle 6aa autorise les conducteurs des véhicules suivants à circuler sur la voie réservée: les taxis, les ambulances, les véhicules utilisés par les médecins en service, les autobus et les autocars servant à l'enseignement de l'art de conduire ou à la réception de l'examen pratique en vue de l'obtention du permis de conduire, les autobus et les autocars servant à l'enseignement pratique dans le cadre des qualifications et formation prévues par la loi du 5 juin 2009 relative à la qualification initiale et à la formation continue des conducteurs de certains véhicules routiers affectés aux transports de marchandises ou de voyageurs ainsi que les fourgons blindés et les véhicules de service qui les escortent.
Le panneau additionnel du modèle 6a autorise les conducteurs de cycles à circuler sur la voie réservée“

Artikel 107 – IV. Signaux d'obligation[1]

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Schëld D, 10a „Enn vun der reservéierter Spuer fir Gefierer vum reegelméissegen ëffentlechen Transport”

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersgebuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière