Ambulanz

Vu Wikipedia

Generell gesinn ass eng Ambulanz en Auto dee fir den Transport a fir d'Rettung vu Kranken an/oder Blesséierte bestëmmt ass.

Zu deem Zweck ass eng Ambulanz mat dem néidegen technesche Material ageriicht, enger sougenannter Sonnersignalanlag mat bloe Luuchten um Daach, Frontblëtzer souwéi enger Sireen, déi dozou déngt, aner Leit op der Strooss drop hinzeweisen, datt eng Ambulanz déi blo fiert (also mat ageschalte Luuchten a Sireenen) ëmmer an iwwerall theoreetesch d'Virfaart huet.

Ambulanze fënnt een an dräi Gréissten, entweeder a meeschtens op Basis vun engem Transporter (wéi Mercedes Sprinter, VW T4), op Basis vun engem klenge Camion oder op Basis vun engem Persounewon. Ambulanze kënne vu privaten a staatlechen Organisatioune betreit ginn, doriwwer decidéiert de Staat.

Ambulanzen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

De Gros vun den Ambulanzen, 51 Stéck (Stand Juli 2004), gehéiert der Protection Civile déi am ganze Land Primärasätz fiert. Ausser an der Stad Lëtzebuerg wou d'Beruffspompjeeën dëse Service mat 11 Ambulanzen (7 normalen, 3 medicaliséierten (NAW) an enger Infektiounsambulanz) assuréieren.

Privatambulanze fueren hei nëmme Sekundärasätz wéi Transporter oder Faarte vun engem Spidol an dat anert.

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Ambulanz „RTW 3“ vum Interventiounscenter Beetebuerg. (Mercedez-Benz Sprinter, Baujoer 2007, vu BINZ emgebaut).

Am heefegste begéint een hei Mercedes Sprinteren, déi vun de Firmae BINZ oder WAS ëmgebaut goufen. Si hunn an der Reegel bei sech:

  • Eng Drobier mat enger Vakuummatratz drop
  • En Droduch
  • E Spineboard (net an all Ambulanz)
  • E KED fir Persounen aus Autoen ze retten
  • Vakuumschinne fir Bréch an änleches (cf. Vakuummatratz)
  • E Klapp-Rollstull
  • Eng Schautebier fir Rettung an Transport
Defibrillator Cardiac Science Powerheart G3, den een an de meeschte lëtzebuergeschen Ambulanzen fënnt
  • En hallefautomateschen Defibrillator
  • Medezinesche Sauerstoff
  • Eng Ofsaugpompel
  • E Pulsoximeter, fir de Sauerstoffwäert an de Bols ze moossen
  • Verbandsmaterial
  • Material fir de SAMU (Zougäng, Perfusiounen, Perfusiounsbestecker)
  • Beotmungsmaterial
  • Spezialwallisse fir Verbrennungsfäll a pediatresch Noutfäll
  • entweeder eng Beotmungswallis an eng Verbandswallis oder e Rettungsrucksaak mat Verbandsmaterial, Beotmungsmaterial, Material fir de SAMU, Medezinesche Sauerstoff an nach aner kleng Sachen, wéi Äisbeidelen, Blutdrockmanschette ...

Verschidden Ambulanzen, haaptsächlech déi medicaliséiert Ambulanzen, hunn zousätzlech nach en EKG (Elektrokardiogramm), der Mark no dacks einfach Propaq genannt. Zanter 2004 och méi dacks einfach "Zoll" (wéinst där neier Mark op de SAMU'en).

Déi zwou Infektiounsambulanze si bannen aus Inox-Stol an erliichtere sou d'Desinfizéieren. D'Chaufferskabin ass komplett vum Patienteraum ofgetrennt, an ass och loftdicht. Fir allerdéngs mat sou enger Ambulanz fueren ze kënnen, muss een de Fürerschäi mat der Kategorie C hunn. De Moment steet eng Infektiounsambulanz zu Diddeleng an eng an der Stad.

Besatzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Besatzung vun enger Ambulanz besteet aus zwee oder dräi Leit Personal plus Patient plus eventuell eng Begleetpersoun, dat heescht maximal fënnef Persounen. D'Personal ass normalerweis (wat awer kann änneren) dräi Ambulancieren oder zwéin Ambulancieren an een Ambulancier-Stagiare. Et ass och méiglech dat zwéin Ambulanciere fueren, dat kënnt awer méi seele vir.

Bei akuten Noutfäll, wa medezinesch Hëllef gebraucht gëtt, kann d'Ekipp vun der Ambulanz de SAMU ufuerderen dee mat sengen NEF'en zu Hëllef kënnt. Dee Moment besteet d'Ekipp vun enger Ambulanz dann heefeg aus engem Dokter an engem Infirmier beim Patient an engem Chauffer, wärend déi zwéin ausgewiesselt Ambulancieren am NEF an d'Spidol nokommen.

Ambulanzen am Laf vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Huet ee fréier bal iwwerall Ambulanzen an der Gréisst vun de Stater gesinn, gesäit een haut meeschtens just nach där op Basis vu Camionnetten oder sougenannte Kofferambulanzen wei d'Stater an d'Diddelenger Infektiounsambulanz. Dës si méi kamoud.

Zu Lëtzebuerg gëtt momentan probéiert all Ambulanz mat Datcom auszerëschten, e System deen et méiglech mécht d'Asazadress direkt op e Bildschierm an der Chaufferskabinn ze schécken, an der Leetstell vum 112 ëmmer Réckmeldung iwwer de Status an d'Positioun vum Gefier ze ginn, ouni datt een agräife muss. Dëst mécht et souguer méiglech mat Hëllef vun den Asaz-Donnéeën a vum GPS-Signal, d'Ufaart automatesch ze navigéieren.

Laang Zäit gouf driwwer nogeduecht, Ambulanze mat hallefautomateschen Defi'en auszerëschten. De Règlement grand-ducal vum 19. November 2008 erlaabt jiddwer Bierger am Land, en hallefautomateschen Defibrillator (AED) ze benotzen. Zanter deem sinn och déi lëtzebuergesch Ambulanze alleguer mat deenen AED'en ausgerëscht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ambulanzen – Biller, Videoen oder Audiodateien