Service d'aide médicale urgente

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SAMU)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
SAMU BMW X5
Samu mat Material
D'Mercedes SAMUe bei der Iwwerreechung
E vun den Helikopteren déi agesat ginn.

De Service d'aide médicale urgente, kuerz SAMU, gëtt et zu Lëtzebuerg zanter 1989 a Kooperatioun mam Ministère de la santé an der Protection civile.

De SAMU deplacéiert sech mam Auto oder mam Helikopter. D'Equipe vum SAMU besteet aus engem Dokter fir Anesthesie, engem (enger) Infirmier (Infirmière) an engem Chauffer respektiv Pilot, ofhängeg vum Gefier. Beim SAMU Lëtzebuerg ass de Chauffer Member vun de Beruffspompjeeën. Zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck sinn et just en Infirmier Anesthesiste an en Dokter déi erausfueren.

De SAMU gëtt entweder vun der Equipe vun enger Ambulanz geruff, oder direkt vum 112 matgeschéckt, wann deen zoustännegen Operateur bei der Meldung um Telefon eraushéiert, datt déi Persoun an Nout medezinesch Betreiung brauch.

SAMU um Buedem[änneren | Quelltext änneren]

De SAMU op véier Rieder erkennt een un der Opschrëft SAMU. Dëst Gefier nennt een NEF, en Notarzteinsatzfahrzeug. An dësen Autoe gi keng Patienten transportéiert, si déngen nëmmen dem Transport vu medezineschem Material an dem Personal. D'SAMU-Autoe sinn an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck an deene Spideeler déi Déngscht hu stationéiert.

Am Juni 2015 goufen déi al BMW X5 SAMU NEF mat neie Mercedes-Benz M 350 BlueTech NEF ersat déi mat folgendem Material equipéiert sinn:

SAMU aus der Loft[änneren | Quelltext änneren]

D'Luxembourg Air Rescue stellt fir de SAMU véier Helikopteren. Si fléie vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergank. Am Dag si si zu Ettelbréck an an der Stad stationéiert. All Fleck am Land ka sou theoretesch a manner wéi 8 Minutten erreecht ginn. Am Asaz si véier Helikoptere vum Typ McDonnell Douglas 902 Explorer. Dësen Typ vun Helikopter huet de Virdeel, datt d'Stabilisatioun an d'Steierung vum Helikopter net vum engem Heckrotor gemaach gëtt mä vun engem NOTAR-Düsesytem am Schwanz. Doduerch ginn déi klassesch Geforen an Accidenter déi duerch en Heckrotor kënnen entstoen éliminéiert. Am Helikopter selwer sinn op klengstem Raum EKG, Defi, Beootmungsapparat a Medikamenter verstaut. Verschidden Helikopteren hunn ausserdeem eng Seelwann déi dann zum Asaz kënnt, wann de Pilot keng Méiglechkeet gesäit fir ze landen. D'Helikoptere fléien awer net nëmme Primärasätz, dat heescht Rettungsasätz, mä och Sekundärasätz wéi, Transporter a sou weider.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]