112 (Europäeschen Noutruff)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
112 (Den Europäeschen Noutruff)
Noutruffzentral zu Katowice (Polen)

Den Europäeschen Noutruff ass e gratissen[1], a ganz Europa gëltegen Noutruff, deen ënnert der Telefonsnummer 112 z'erreechen ass.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Ënner der 112 ass eng Zentral z'erreechen déi, jee no Noutfall, déi zoustännegt Servicer wéi d'Police, d'Ambulanz oder d'Pompjeeën alarméiert. D'Asazzentrale sollen an der Lag sinn, Noutriff a verschiddene Sproochen entgéintzehuelen.

Bei engem Noutruff gesäit den Operateur an der Zentral ëmmer d'Telefonsnummer vun deem, deen urifft, och wann deejéinege säin Telefon sou agestallt huet, datt d'Nummer net soll ugewise ginn[2].

Länner[änneren | Quelltext änneren]

Ëmsetzung vun den zwou weltwäit vun der ITU geneemegten Notrufnummeren an der Welt:██ 112██ 9-1-1██ 112 an 9-1-1██ Aner Nummer oder keng Weiderleedung

D'Telefonsnummer 112 gëllt als Europäeschen Noutruff an der Europäescher Unioun an an enger Rei anere Länner. Ausserdeem gëtt d'Noutruffnummer 112 an e puer asiateschen an afrikanesche Länner gebraucht. A Kanada an an den USA gëtt beim Wiele vun der 112 den Uruff op d'Noutruffnummer 9-1-1 vum Nordamerikaneschen Nummeréierungsplang weidergeschalt. Och an e puer latäinamerikanesche Länner wéi z. B. a Costa Rica funktionéiert d'112. Doriwwer eraus gëtt se och a Länner am pazifesche Raum gebraucht, wéi beispillsweis an Australien, Neiséiland, an a Vanuatu.

Nieft dem Europäeschen Noutruff kënnen och nach déi national Noutruffnummere weiderhi gëllen. An Éisträich beispillsweis ass den 112 eng Weiderleedung op de Policenoutruff (133), woubäi den Noutruff fir d'Pompjeeën (122) an der Rettungsnoutruff (144) weiderhi fir déi Zwecker ze benotze sinn[3].

Länner, déi d'112-Nummer fir Noutfäll benotzen, sinn ë. a.:

Land Bemierkung
Flag of Albania.svg Albanien nieft 129 fir d'Police, 127 fir d'Ambulanz an 128 fir d'Pompjeeën
Flag of Andorra.svg Andorra Ambulanz a Pompjeeën, nieft 118 fir déiselwecht Servicer an 110 fir d'Police
Flag of Azerbaijan.svg Aserbaidschan nieft 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
Flag of Australia.svg Australien vum GSM gëtt op déi australesch Noutruffnummer 000 weidergeleet
Flag of Belgium (civil).svg Belsch Ambulanz a Pompjeeën; nieft 100 fir déiselwecht Servicer an 101 fir d'Police
Flag of Bosnia and Herzegovina.svg Bosnien an Herzegowina nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Pompjeeën an 124 fir d'Ambulanz
Flag of Brazil.svg Brasilien nieft 9-1-1; gëtt weidergeleet op d'190 (Militärpolice), nieft 193 fir d'Pompjeeën, 190 fir d'Militärpolice an 192 fir d'Ambulanz
Flag of Bulgaria.svg Bulgarien nieft 150 fir d'Ambulanz, 160 fir d'Pompjeeën an 166 fir d'Police, automatesch weidergeleet op d'112
Flag of Chile.svg Chile nieft 9-1-1; weidergeleet op d'133 - Police
Flag of the People's Republic of China.svg China gëtt Informatiounen op Englesch iwwer d'Noutruffnummeren
Flag of Costa Rica.svg Costa Rica nieft 9-1-1
Flag of Germany.svg Däitschland nieft 110 fir d'Police
Flag of Denmark.svg Dänemark mat Grönland, Färöer, nieft 114 fir d'Police (keng Noutfäll).
Flag of the Dominican Republic.svg Dominikanesch Republik nieft 9-1-1
Flag of Egypt.svg Egypten nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Ambulanz an 180 fir d'Pompjeeën
Flag of Austria.svg Éisträich nëmme Police; nieft 122 fir d'Pompjeeën, 133 fir d'Police an 144 fir d'Ambulanz
Flag of Estonia.svg Estland
Flag of Finland.svg Finnland mat Åland
Flag of France.svg Frankräich nieft 15 fir d'Ambulanz, 17 fir d'Police an 18 fir d'Pompjeeën
Flag of Georgia.svg Georgien eenzeg Noutruffnummer 112
Flag of Gibraltar.svg Gibraltar nieft 190 fir d'Pompjeeën an d'Ambulanz an 199 fir d'Police
Flag of Greece.svg Griicheland nieft 100 fir d'Police, 108 fir d'Hafepolice, 166 fir d'Ambulanz an 199 fir d'Pompjeeën
Flag of the Netherlands.svg Holland op den hollännesche Karibikinsele gëtt d'112 op d'9-1-1 weidergeleet iwwerdeems an den europäeschen Deeler d'9-1-1 op d'112 weidergeleet gëtt
Flag of Hong Kong.svg Hong Kong vum GSM gëtt op d'Noutruffnummer 999 weidergeleet
Flag of India.svg Indien nieft 100 fir Police, 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Ambulanz an 108 fir den Noutfall Katastrophemanagement
Flag of Indonesia.svg Indonesien nëmme GSM-Reseau - just fir d'Police ; nieft 110 fir d'Police, 118 fir d'Ambulanz an 113 fir d'Pompjeeën
Flag of Iran.svg Iran nieft 110 fir d'Police, 115 fir d'Ambulanz, 112 fir Hilal Ahmar Ambulance an 125 fir d'Pompjeeën; 9-1-1 gëtt um GSM-Reseau op d'Noutruffnummer 112 weidergeleet
Flag of Ireland.svg Irland nieft 999
Flag of Iceland.svg Island
Flag of Israel.svg Israel weidergeleet op d'100 vun der Police, nieft 100 fir d'Police, 101 fir d'Ambulanz an 102 fir d'Pompjeeën.
Flag of Italy.svg Italien nieft den aneren Nummeren, wou d'112 nach net installéiert ass: 113 fir d'national Police, 112 fir d'Gendarmerie (Carabinieri), 115 fir d'Pompjeeën an 118 fir d'Ambulanz
Flag of Jordan.svg Jordanien nieft 9-1-1
Flag of Canada.svg Kanada benotzt 9-1-1
Flag of Kazakhstan.svg Kasachstan nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
Flag of Kyrgyzstan.svg Kirgisistan nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
Flag of Colombia.svg Kolumbien nëmme Police; nieft 123 fir all Urgencen, 125 fir d'Ambulanz an 119 fir d'Pompjeeën
Flag of Kosovo.svg Kosovo nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën an 194 fir d'Ambulanz
Flag of Croatia.svg Kroatien nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, 194 fir d'Ambulanz an 195 fir d'Séirettung
Flag of Kuwait.svg Kuwait nieft 777
Flag of Latvia.svg Lettland nieft 110 oder 02 fir d'Police, 113 oder 03 fir d'Ambulanz an 114 oder 04 fir Noutfäll mat Gas, 01 fir d'Pompjeeën
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg nieft 113 fir d'Police
Flag of Lebanon.svg Libanon nëmme fir d'Police; nieft 160 fir d'Police, 140 fir d'Ambulanz an 125 fir d'Pompjeeën
Flag of Liechtenstein.svg Liechtenstein nëmme fir d'Police; nieft 117 fir d'Police, 144 fir d'Ambulanz an 118 fir d'Pompjeeën
Flag of Lithuania.svg Litauen nieft 011 fir d'Pompjeeën, 022 fir d'Police an 033 fir d'Ambulanz
Flag of Macau.svg Macau nieft 999
Flag of Malaysia.svg Malaysia vum GSM-Reseau gëtt op d'Noutruffnummer 999 weidergeleet
Flag of Malta.svg Malta
Flag of Mauritius.svg Mauritius nëmme fir d'Police; nieft 114 fir d'Ambulanz an 115 fir d'Pompjeeën
Flag of North Macedonia.svg Nordmazedonien nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, 194 fir d'Ambulanz
Flag of Moldova.svg Moldawien eenzeg Noutruffnummer zanter dem 1. Juli 2018; ersetzt 901 fir d'Pompjeeën, 902 fir d'Police an 903 fir d'Ambulanz
Flag of Monaco.svg Monaco nieft 15 fir d'Ambulanz, 17 fir d'Police an 18 fir d'Pompjeeën
Flag of Montenegro.svg Montenegro nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Pompjeeën an 124 fir d'Ambulanz
Flag of New Zealand.svg Neiséiland weidergeleet op d'111
Flag of Nepal.svgEidelt Bild.jpg Nepal nëmme fir d'Police; nieft 100 fir d'Police, 101 fir d'Pompjeeën an 102 fir d'Ambulanz
Flag of Nigeria.svg Nigeria
Flag of Norway.svg Norwegen nëmme fir d'Police, 110 fir d'Pompjeeën an 113 fir d'Ambulanz
Flag of Panama.svg Panama nieft 9-1-1; 104 fir d'Police an 103 fir d'Pompjeeën
Flag of Poland.svg Polen nieft 999 fir d'Ambulanz, 998 fir d'Pompjeeën, an 997 fir d'Police
Flag of Portugal.svg Portugal 117 fir e Bëschfeier ze mellen
Flag of Rwanda.svg Ruanda Police a Pompjeeën; 912 fir d'Ambulanz
Flag of Romania.svg Rumänien
Flag of Russia.svg Russland nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police, 103 fir d'Ambulanz an 104 fir Noutfäll mat Gas
Flag of San Marino.svg San Marino
Flag of Saudi Arabia.svg Saudi-Arabien nieft 9-1-1
Flag of Switzerland.svgEidelt Bild.jpg Schwäiz nieft 117 fir d'Police, 144 fir d'Ambulanz an 118 fir d'Pompjeeën
Flag of Sweden.svg Schweden nieft 114 14 fir d'Police ouni Noutfall
Flag of Senegal.svg Senegal nieft 17 fir d'Police, 18 fir d'Pompjeeën a 15 fir d'Ambulanz
Flag of Serbia.svg Serbien nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, an 194 fir d'Ambulanz
Flag of Slovakia.svg Slowakei nieft 155 fir d'Ambulanz, 158 fir d'Police, 150 fir d'Pompjeeën an 18300 fir d'Biergrettung
Flag of Slovenia.svg Slowenien nieft 113 fir d'Police
Flag of Spain.svg Spuenien nieft 091 fir d'Police, 061 fir d'Ambulanz an 080 fir d'Pompjeeën
Flag of Sri Lanka.svg nëmme Police; nieft 119 fir d'Police an 110 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën
Flag of South Africa.svg Südafrika nieft 10111 fir d'Police
Flag of South Korea.svg Südkorea nëmme Police; nieft 119 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën
Flag of Syria.svg Syrien nëmme Police; nieft 110 fir d'Ambulanz an 113 fir d'Pompjeeën
Flag of the Republic of China.svg Taiwan nieft 110 fir d'Police, 119 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën
Flag of Turkey.svg Tierkei gebraucht an 32 Provënzen, an deenen aneren 49 Provënzen gëllt d'112 nëmme fir d'Ambulanz
Flag of East Timor.svg Timor-Leste
Flag of the Czech Republic.svg Tschechesch Republik nieft 155 fir d'Ambulanz, 158 fir d'Police an 150 fir d'Pompjeeën
Flag of Ukraine.svg Ukrain nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police, 103 fir d'Ambulanz an 104 fir Noutfäll mat Gas
Flag of Hungary.svg Ungarn nieft 104 fir d'Ambulanz, 105 fir d'Pompjeeën an 107 fir d'Police; 9-1-1 gëtt um GSM-Reseau op d'Noutruffnummer 112 weidergeleet
Flag of the United States.svg USA nieft 9-1-1, um GSM-, AT&T- an T-Mobile-Reseau gëtt d'112 op d'9-1-1 weidergeleet
Flag of Uzbekistan.svg Usbekistan
Flag of Vanuatu.svg Vanuatu
Flag of the Vatican City.svg Vatikanstad nieft 113 fir d'national Police, 115 fir d'Pompjeeën an 118 fir d'Ambulanz.
Flag of the United Arab Emirates.svg Vereenegt Arabesch Emiraten nieft 999 fir d'Police, 998 fir d'Ambulanz an 997 fir d'Pompjeeën
Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich nieft 999
Flag of Belarus.svg Wäissrussland nëmme Pompjeeën; nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
Flag of Cyprus.svg Zypern nieft 199

E112[änneren | Quelltext änneren]

Ënner E112 (ergänzt 112-Nummer) versteet een - nom US-amerikanesche Virbild vun der ergänzter E911 - d'Lokalisatioun vum Uruffer, wann deen den Noutruff urifft. D'Lokalisatioun erliichtert et den Asazzenteren - wann se deementspriechend equipéiert sinn - d'Uertung vum Uruffer oder dem Gefier beim sougenannten eCall.

Obwuel d'EU-Reglement festleet, datt d'Noutruffzentralen automatesch d'Informatiounen iwwer de Standuert vum Uruffer ugewise kréie sollen, fonctionnéiert dat bis elo nach net an Italien, Litauen, Holland, Polen a Rumänien. Och an Däitschland ass dat bis elo nach net üblech. Des weideren ass d'Uertung aus technesche Grënn ufälleg fir Feeler.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den deemolegen Inneminister Henri Cravatte huet de 17. Mee 1966 an de Raimlechkeete vun der Direktioun vun der Protection civile um Belair déi éischt Noutruffzentral zu Lëtzebuerg ageweit. D'Nouthëllef war fir d'Autoritéiten an där Zäit als wichteg a sënnvoll ugesi gi fir de Bedierfnesser vun den Awunner gerecht ze ginn. D'Protection civile hat d'Méiglechkeet geschaf, fir vu jiddwer Plaz am Land aus, iwwer d'Nummer 012 un eng eenzeg Noutruffzentral ze kommen. No enger Rei Publicitéitscampagne an der geschriwwener Press an iwwer de Radio ass d'Popularitéit vun der Noutruffnummer mat de Joren ëmmer weider an d'Luucht gaangen.

Enn September 1991 ass Direktioun vun der Protection civile zesumme mat der Noutruffzentral an en neit Gebai op d'Cloche d'Or geplënnert; d'Aweiung war den 11. Oktober 1991 a Presenz vum Inneminister Jean Spautz.

Op d'Propositioun vun der Europäescher Kommissioun hin, gouf 1991 vum EU-Ministerrot beschloss d'Noutruffnummer 112 anzeféieren[4]. Zu Lëtzebuerg gouf d'112 den 1. Januar 1993[5] ageféiert an et war domat op EU-Niveau eent vun den éischte Länner, dat déi eenheetlech d'Noutruffnummer 112 genotzt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 112 (Europäeschen Noutruff) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Zu Lëtzebuerg festgehalen am Artikel 51 (2) vum Gesetz vum 27. Februar 2011 (Loi du 27 février 2011 sur les réseaux et les services de communications électroniques).
  2. Artikel 7 Abschnitt 5 (a) vum Gesetz vum 28. Juli 2011 (Loi du 28 juillet 2011 portant modification de la loi modifiée du 30 mai 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques).
  3. Notrufe zum Herbeiholen von Hilfe op noezsv.at, der Internetsäit vum Niederösterreichischer Zivilschutzverband; fir d'lescht gekuckt de 26. November 2018
  4. Erklärung des Europäischen Parlements zu der Europäischen Notrufnummer 112 op europarl.europa.eu; gekuckt de 27. November 2018
  5. Numéro d’appel d’urgence unique pour toute l'UE op 112.public.lu, gekuckt den 28. November 2018