Centre national d'incendie et de secours
De westleche Block vum CNIS am Juli 2021 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Gaasperech |
Adress |
3, boulevard de Kockelscheuer L-1821 Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°35'4,40"N, 6°7'54,06"O |
Architekt(en) | Böge Lindner K2 Architekten |
Statut | Rettungszentrum |
De Centre national d'incendie et de secours (gekierzt: CNIS) ass den nationale Rettungszenter fir de Corps grand-ducal d'incendie et de secours. Den Zenter läit zu Gaasperech um Boulevard de Kockelscheuer, beim Rond-point Gluck.
Den CNIS ass d'Häerzstéck vun der Reform vum nationale Rettungswiesen[1]. E besteet aus zwéin Deeler: een Deel (Zon 1) mat der Kasär fir d'fräiwëlleg an d'Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg, fir d'Verwaltung vun de Rettungsdéngschter, d'Noutruffzentral 112 a fir den Institut national de formation des services de secours. Am zweeten Deel sinn déi technesch Installatiounen an déi fir déi sportlech a praktesch Ausbildung fir d'Pompjeeë. Dorënner sinn eng Tunnelsimulatiounsanlag, en Ambulanzsimulator, en Übungsweier, en Dirty Classroom, eng Hal mat enger Otemschutz-Übungsstreck, e Brandhaus an e Realbrandcontainer[2]. Ausserdeem huet d'Gebai e 35 Meter héije Schlauchtuerm.
Den Immeubel besteet aus der Kasär an de Garage vun de Beruffspompjeeën op enger Fläch vun 11.340 m². D'Verwaltungsgebaier sinn op 2.600 m² an alles wat mat der Ausbildung ze dinn huet op 3.800 m² ënnerbruecht.
Den Architekteconcours fir den Zenter ze bauen ass am Juni 2014 ausgeschriwwe ginn; de Büro Böge Lindner K2 Architekten krut den Zouschlag[2]. De Projet de loi fir de Bau an d'Finanzéierung vum CNIS gouf de 24. Mäerz 2015 deposéiert. Op den Dag genee zwee Joer méi spéit, de 24. Mäerz 2017, gouf de Grondstee fir den Zenter geluecht. De Bau hätt sollen Enn 2020 fäerdeg sinn; déi éischt Servicer sinn awer eréischt den 1. Juli 2021 erageplënnert[3]. Den 12. September 2021 sinn Rettungsdéngschter vum Stater CIS aus der Kasär op der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert an zwéi Méint duerno ass och d'Noutruffzentral 112 do ageweit ginn[4][5].
De 5. Mee 2022 gouf dat ganzt Gebai dann, a Presenz vu 400 Eieregäscht ageweit. Den Architekteconcours fir den Zenter ze bauen ass am Juni 2014 ausgeschriwwe ginn; de Büro Böge Lindner K2 Architekten krut den Zouschlag[2]. De Projet de loi fir de Bau an d'Finanzéierung vum CNIS gouf de 24. Mäerz 2015 deposéiert. Op den Dag genee zwee Joer méi spéit, de 24. Mäerz 2017, gouf de Grondstee fir den Zenter geluecht. De Bau hätt sollen Enn 2020 fäerdeg sinn; déi éischt Servicer sinn awer eréischt den 1. Juli 2021 erageplënnert[3]. Den 12. September 2021 sinn Rettungsdéngschter vum Stater CIS aus der Kasär op der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert an zwéi Méint duerno ass och d'Noutruffzentral 112 do ageweit ginn[4][5] De 5. Mee 2022 gouf dat ganzt Gebai dann, a Presenz vu 400 Eieregäscht, vum Groussherzog an der Inneministesch Taina Bofferding ageweit.[6]
De Käschtepunkt gouf op eppes méi wéi 140 Milliounen Euro geschat: 121 Milliounen Euro fir d'Zon 1, déi vun der Stater Gemeng virfinanzéiert an duerno vum Staat zu 45 % zeréckbezuelt ginn an 19,4 Milliounen Euro fir d'Zon 2, déi integral vum Staat bezuelt gëtt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Schantjen am August 2017...
-
am Dezember 2018...
-
an am Juni 2019.
-
De fonkelneien CNIS am September 2021
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Centre national d'incendie et de secours – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Rita Ruppert, “Nationales Rettungszentrum für Feuerwehren und Zivilschutz - Gemeinsam unter einem Dach” op wort.lu de 24. Mäerz 2017
- Centre national d'incendie et de secours: projet définitif, devis définitif et calendrier op gouvernement.lu, der Internetsäit vun der Regierung; gekuckt de 26. Mäerz 2017
- 6778 Projet de loi relatif à la construction d'un Centre national d'Intervention et de Secours et autorisant l'Etat à participer au financement des travaux y relatifs op der Internetsäit vun der Chamber; gekuckt den 3. Januar 2019
- Nadine Schartz, Einsatz im nationalen Rettungszentrum op wort.lu den 18. Juni 2019
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Sou huet den Inneminister Dan Kersch den Zenter a senger Ried genannt, déi hien de 24. Mäerz 2017 gehalen huet wéi de Grondstee geluecht gouf.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Das Flaggschiff des Rettuingswesens." wort.lu, 25. August 2018.
- ↑ 3,0 3,1 Um Instagram-Profil vum CGDIS: „3 Joer feiert de CGDIS haut um 1. Juli säi Bestoen. 3, boulevard de Kockelscheuer - L-1821 Luxembourg ass och ab haut déi nei offiziell Adress vum CGDIS am Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS).“
- ↑ 4,0 4,1 (fr)Mise en service du CSU-112 au Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS). 112.public.lu. Gekuckt de(n) 16.11.2021.
- ↑ 5,0 5,1 (lb)Gaasperech: Offiziell Aweiung vun der neier Noutruffzentral. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 16.11.2021.
- ↑ Ryck Thill: "Feierlech Aweiung vum CNIS zu Gaasperech." rtl.lu, 05.05.2022.