24. Mäerz
Ausgesinn
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
De 24. Mäerz ass den 83. Dag vum Joer (84. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1662: Entschëllegung vum Kinnek vu Spuenien un de Louis XIV. duerch säin Ambassadeur wéinst der Affär vun der Préséance zu London am Oktober 1661.
- 1882: De Robert Koch beschreift seng Entdeckung vum Tuberkulos-Erreeger.
- 1933: An Däitschland trëtt d'"Ermächtigungsgesetz" a Kraaft, woumat Gesetzer och géint d'Constitutioun ugeholl kënne ginn.
- 1939: Groussbritannien a Frankräich wëlle sech géigesäiteg ënnerstëtzen, am Fall wou si vun Däitschland ugegraff géifen.
- 1967: A Groussbritannie gëtt decidéiert, d'Wärung 1971 op den Dezimalsystem ëmzestellen.
- 1976: Militärputsch an Argentinien, Ufank vun enger sechs Joer laanger Militärdiktatur.
- 1989: Den Uelegtanker Exxon Valdez leeft am Prince William Sound virun der Küst vun Alaska aus; zegdausend Tonne Pëtrol verknaschten eng 2000 Kilometer Côte.
- 1999: Ufank vun den NATO-Loftugëffer op serbesch Militärziler.
- 1999: Bei engem Feier am Mont Blanc-Tunnel stierwen 39 Leit.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1974: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[1]
- 2001: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:2 géint Färoer Inselen.[2]
- 2007: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 1:2 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Chris Sagramola geschoss.[3]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Pierre Federspiel
-
Harry Houdini
-
Dario Fo
-
Martin Walser
-
Steve McQueen
- 1795: Jean-Mathias Wellenstein, lëtzebuergesche Riichter, Politiker, Minister, Chamberpresident a Member vum Staatsrot.
- 1837: Horace Parnell Tuttle, US-amerikaneschen Astronom.
- 1864: Pierre Federspiel, lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.
- 1874: Harry Houdini, US-amerikaneschen Entfesselungs- an Zauberkënschtler.
- 1890: Michel Molitor, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1893: Walter Baade, däitschen Astronom an Astrophysiker.
- 1902: Victor Bodson, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1903: Michel Stoffel, lëtzebuergesche Moler.
- 1905: Karl John, däitsche Schauspiller.
- 1908: Jacqueline Francell, franséisch Schauspillerin.
- 1911: Joseph Barbera, US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
- 1925: Gerhard Riedmann, éisträichesche Schauspiller.
- 1926: Dario Fo, italieeneschen Theaterauteur a Regisseur, Nobelpräisdréier.
- 1921: Franz Calliari, éisträicheschen Theolog a Journalist.
- 1927: Martin Walser, däitsche Schrëftsteller.
- 1930: Steve McQueen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1936: László Szabó, ungaresche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 1938: Jean-Pierre Coffe, franséische Journalist, Auteur a Kritiker.
- 1942: Johny Lahure, lëtzebuergesche Politiker.
- 1945: Curtis Hanson, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1951: Marcel Thull, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1954: Gilbert Zender, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1956: Francis Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1956: Tamás Sulyok, ungaresche Magistrat a Politiker.
- 1961: Marc Schaefer, lëtzebuergeschen Affekot a Member vum Staatsrot.
- 1964: Agnès Durdu, lëtzebuergesch Juristin, Politikerin a Member vum Staatsrot.
- 1973: Jim Parsons, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1984: Laury Bach, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1984: Martine Stein, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1986: Nathalia Dill, brasilianesch Schauspillerin.
- 1986: Anxhela Peristeri, albanesch Sängerin a Lidderschreiwerin.
- 1993: Michèle Breuer, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1997: Gabriela De Lemos, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1603: Elizabeth I., Kinnigin vun England.
- 1884: François Mignet, franséischen Historiker.
- 1889: Jean-Baptiste Reinhard, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1905: Jules Verne, franséische Schrëftsteller.
- 1946: Alexander Alexandrowitsch Aljechin, Schachweltmeeschter.
- 1976: Bernard Montgomery, brittesche Feldmarschall am Zweete Weltkrich.
- 1980: Jean Peters, lëtzebuergesche Modelleur an Aulebäcker.
- 1980: Óscar Romero, salvadoranesche Geeschtlechen.
- 1988: Heinrich Aigner, däitsche Politiker.
- 1990: Alice Sapritch, franséisch Schauspillerin.
- 2001: Karl Schönböck, éisträichesche Schauspiller.
- 2008: Richard Widmark, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2016: Roger Cicero, däitsche Sänger.
- 2018: Lys Assia, Schwäizer Sängerin, déi éischt Gewënnerin vum Eurovision Song Contest am Joer 1956.
- 2020: Manu Dibango, kamerunesche Museker.
- 2020: Stuart Gordon, US-amerikanesche Regisseur.
- 2020: Albert Uderzo, franséische Comiczeechner.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 24. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 24. Mäerz 1974 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Färoer Inselen de 24. Mäerz 2001 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland de 24. Mäerz 2007 op der Websäit vun European Football.info