Joseph Barbera
| Joseph Barbera | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
24. Mäerz 1911 New York |
| Gestuerwen |
18. Dezember 2006 Studio City |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Erasmus Hall High School, Pratt Institute |
| Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Animateur, Delegéierte Produzent, Televisiounsproduzent, Comiczeechner |
| Auszeechnungen | Governors Award (Primetime Emmy Awards), Stär um Hollywood Walk of Fame, Daytime Emmy Award |
| Famill | |
| Kanner | Brandon Sawyer |
|
| |
De Joseph Barbera, gebuer de 24. Mäerz 1911 zu New York, a gestuerwen den 18. Dezember 2006 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
De Barbera huet an den 1920er Jore fir d'éischt niewelaanscht Cartooner u verschidden Zäitschrëfte vekaf. Duerno huet en als Gag-Auteur vun engem Zeechentrick-Studio geschafft. 1931 huet en ugefaangen als Animateur ze schaffen.
1937 goung e bei d'MGM. Hei huet hien de William Hanna kennegeléiert. Zesummen hu si d'Aventurë vum Tom and Jerry erfonnt an och déi vun de Flintstones (dt: Familie Feuerstein; fr: Les Pierrafeu), the Jetsons, de Scoobi-Doo an dem Yogi Bear. 1955 huet e mam Barbera d'Hanna-Barbera-Studioe gegrënnt.
De Joseph Barbera ass den 18. Dezember 2006 am Alter vu 95 Joer zu Los Angeles gestuerwen, fënnef Joer no sengem Kolleeg William Hanna.
Bibliographesches
[änneren | Quelltext änneren]- Ted Sennett: The Art of Hanna-Barbera. Fifty Years of Creativity, Viking Studio Books, 1989
Kuriéises
[änneren | Quelltext änneren]Zu Jette, an der Haaptstadregioun Bréissel, gëtt et eng Strooss "Clos Tom et Jerry".
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Joseph Barbera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Hanna-Barbera Websäit (Deel vun der Warner Bros. Websäit)
