Jean-Mathias Wellenstein
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jean-Mathias Wellenstein | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
24. Mäerz 1795 Éinen |
| Gestuerwen |
1. Dezember 1870 Dräibuer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Riichter |
| Fonctioun | President vun der lëtzebuergescher Chamber, Conseiller am Staatsrot, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Auszeechnungen | Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne |
| Famill | |
| Geschwëster | Nicolas Wellenstein |
|
| |


De Jean-Mathias Wellenstein, gebuer de 24. Mäerz 1795 zu Éinen[1], a gestuerwen den 1. Dezember 1870 zu Dräibuer[2], war e lëtzebuergesche Riichter, Minister a Chamberpresident.
1848 war hien, als Gewielte vum Kanton Réimech, Member vun der Assemblée constituante.
De Jean-Mathias Wellenstein war an der Regierung Simons vum 23. September 1853 bis den 23. September 1854 Bauteminister, Administrateur des travaux publics, a vun 1857 – 1858 war hie President vun der Assemblée des États.
Vum 29. Dezember 1860 bis den 1. Dezember 1870 war hie Member vum Staatsrot.[3]
De Jean-Mathias Wellenstein ass de jéngere Brudder vum Nicolas Wellenstein.
No him ass zu Éinen eng Strooss benannt.
Gielercher[4]
[änneren | Quelltext änneren]
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier du Lion néerlandais
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 13, S. 170 (BNL)
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 13, S. 179 (BNL)
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 13, S. 179 (BNL)
Kategorien:
- Gebuer 1795
- Gestuerwen 1870
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Chamberpresidenten
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Magistraten
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Membere vun der Assemblée constituante vun 1848 (Lëtzebuerg)
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass
