Edouard Hemmer

Vu Wikipedia
Edouard Hemmer
Gebuer 6. Dezember 1845
Reckeng op der Mess
Gestuerwen 10. Juli 1920
Capellen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg


Den Nicolas Dominique Edouard Hemmer, gebuer de 6. Dezember 1845 zu Reckeng op der Mess[1],[2] a gestuerwen den 10. Juli 1920 op der Cap[3], war e lëtzebuergeschen Affekot, Notaire[4] Riichter[5] a Politiker.

Den Edouard Hemmer war Notaire zu Käerch vun 1877 bis 1882 an zu Capellen vun 1882 bis 1920.[6]

Hie war vun 1881 bis 1919 Deputéierte vum Kanton Capellen; vun 1915 bis 1917 war hie President vun der Chamber. Politesch huet hien d'Regierung vum Paul Eyschen, deen e gudde Frënd vun him war, ënnerstëtzt.[7]

Den Edouard Hemmer war den éischte President vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht, deen 1886 gegrënnt gouf.[7] Hie blouf dat bis zu sengem Doud am Joer 1920.[8] Hie war och Vizepresident vum Nationale Pompjeesverband.[7]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de lëtzebuergesche RegierungsmemberenTransportministerenJustizministerenKommunikatiounsministerenChamberpresidentenDeputéiert an der ChamberDeputéiert am EuropaparlementLëtzebuergesch Membere vun der Europäescher KommissiounBuergermeeschterenADRCSVDéi GréngDéi LénkDPKPLLSAPPIDPiratepartei

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Edouard Hemmer op www.deltgen.com
  2. Den Edouard Hemmen nach emol op www.deltgen.com
  3. Doudesannonce vum Edouard Hemmer am Luxemburger Wort
  4. http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1919/0039/a039.pdf
  5. http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1895/0025/a025.pdf
  6. Lëscht vun de Notairen zu Lëtzebuerg op www.rootsancestry.com
  7. 7,0 7,1 7,2 J. A. Massard, 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 41 (kuck och: Corrigenda [1]).
  8. Sadler, H., 1986. 100 Joër Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht. In: Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg. Livre d'or du centenaire: 1886-1986. Luxembourg, S. 54, 61.
  9. Memorial A N°8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen