Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht

Vu Wikipedia

De Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht (Fr.: Fédération des unions d'apiculteurs du grand-duché de Luxembourg, kuerz FUAL) gouf am Januar 1986 gegrënnt a vertrëtt d'Interessie vun der Imkerei zu Lëtzebuerg.[1]

De Landesverband mat Sëtz zu Elleng besteet aus zwielef Kantonalveräiner, an deenen d'Beienziichterinnen a Beienziichter op kantonalem Niveau organiséiert sinn.

D'Ziler vum Landesverband sinn:

  • d'Verbesserung vun der Praxis vun der Beienzuucht,
  • d'Vermaarte vun de Beieprodukter,
  • d'Schafe vun enger besserer Ëmwelt fir Bestëbserinsekten,
  • d'Vertriede vun den Interessie vun der Beienzuucht an der Gesellschaft a vis-à-vis vun der Politik.

De Landesverband zielt 410 Beienziichter(-innen) mat ronn 6000 Beievëlker (Stand 2018).

E puer Eckdaten iwwer d'Beienzuucht zu Lëtzebuerg:

  • Den Duerchschnëttsalter vun de Beienziichter(-innen) ass 58 Joer;
  • Am Duerchschnëtt hunn d'Beienziichter(-innen) 12 Joer Erfarung mat der Beienzuucht;
  • 89% vun de Beienziichter(-innen) bedreiwen d'Beienzuucht als Hobby an hu manner wéi 30 Beievëlker;
  • Den Undeel vun der Bio-Beienzuucht läit bei 4,9%;
  • Zënter 2014 huet de Landesverband en eegene "Beieberoder".

De Landesverband publizéiert d'Lëtzebuerger Beien-Zeitung, déi all Mount op ronn 32 Säite follgend Theeme behandelt: Beienzuucht, Imkereitechnik, Landwirtschaft an Ëmwelt, wëssenschaftlech Neiegkeeten a Liesenswäertes aus de Kantonalveräiner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Eickermann, M., 2018. Die Imkerei in Luxemburg vor grossen Herausforderungen. forum 387: 29-31.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: cf. Eickermann 2018 an der Literatur an http://apis.lu/.