Lëtzebuerger Beien-Zeitung

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Beien-Zeitung


D'Lëtzebuerger Beien-Zeitung ass eng Zäitschrëft, déi gewéinlech all Mount vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht erausginn an u seng Membere verdeelt gëtt.

Se koum am Januar 1886 fir d'éischt eraus, wéi de Luxemburger Landesverband für Bienenzucht gegrënnt gouf. Den éischte Redakter war de Jean-Baptiste Kellen.

Se huet ëm déi 32 Säiten, d'Artikele si meeschtens op Däitsch oder Lëtzebuergesch.

Wéi den Numm et noleet, ginn an der Lëtzebuerger Beien-Zeitung all Theeme behandelt, déi am Zesummenhang mat der Imkerei stinn: Beienzuucht, Imkereitechnik, Landwirtschaft an Ëmwelt, wëssenschaftlech Neiegkeeten a soss Liesenswäertes aus de Kantonalveräiner. Och steet fir all Mount do, wat fir Aktivitéiten am Beiestack gemaach musse ginn.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beienzeitung. apis.lu (nogekuckt: 2023-11-24