Paul de Scherff

Vu Wikipedia
Paul de Scherff
Gebuer 14. Juli 1820
Frankfurt am Main
Gestuerwen 23. Juli 1894
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Riichter

De Paul de Scherff[1] gebuer de 14. Juli 1820 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen den 23. Juli 1894 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Säi Papp war Gesandte vun Holland an Delegéierte vu Lëtzebuerg beim Däitsche Bond. No sengem Droits-Studium koum de Paul de Scherff op Lëtzebuerg. Hie war do 6 Joer laang Substitut, da 5 Joer Avocat général, duerno Ieweschte Geriichtsrot a Procureur, an 1854, mat just 34 Joer, President vum Ieweschte Geriicht.

Vum 24. Juni 1856 bis den 11. November 1858 war hien Administrateur général (Minister) fir Bauten an Eisebunn an der Regierung Simons. Vun 1869 bis 1871, an dann erëm vun 1886 bis 1892 war hien Zentrumsdeputéierten an der Chamber, vun 1870-71 war e Chamberspresident.

Wéi an den 1870er-1880er Joren d'Mauere vun der Festung Lëtzebuerg ofgerappt goufen, war de Paul de Scherff Conseiller am Bauteministère, wou e sech ëm d'Uleeë vum Stater Park gekëmmert huet.

De Paul de Scherff war mat der Marie Pescatore (1819-1894) bestuet, der Duechter vum Antoine Pescatore. D'Koppel hat 3 Jongen an 3 Meedercher. Eng Duechter, d'Louise de Scherff, huet sech mam Jules Collart bestuet. Eng aner Duechter, d'Marguerite de Scherff, ass d'Mamm vum Paul de Pidoll.

De Paul de Scherff ass an der Fondation Pescatore gestuerwen. Hien ass am Graf vun der Famill de Scherff um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jhr. Paul von Scherff, Nederland's Adelsboek 1917, Säit 54
  2. De Paul Scherff op gw.geneanet.org