Paul de Pidoll
Paul de Pidoll | |
---|---|
![]() De Paul de Pidoll (Autoportrait) | |
Gebuertsnumm | Paul Franz Carl von Pidoll zu Quintenbach |
Gebuer |
3. Abrëll 1882 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
6. Dezember 1954 Biscarrosse |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Graveur |
Famill | |
Papp | Carl Freiherr von Pidoll zu Quintenbach |
Mamm | Margaretha von Scherff |
![]() |
De Paul de Pidoll, gebuer als Paul Franz Karl von Pidoll den 3. Abrëll 1882 an der Wiltheim-Strooss an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 6. Dezember 1954 zu Biscarosse (Departement Landes) a Frankräich[2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Moler, Xylograph a Buchillustrateur. Hie war de Jong vum éisträichesche Konschtmoler Carl Freiherr von Pidoll zu Quintenbach an der Margaretha von Scherff (Duechter vum Paul de Scherff).
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Nom Lycée zu Berlin huet de Kënschtler haaptsächlech a Frankräich, ë. a. zu Le Plessis-Robinson gelieft. Wärend dem Éischte Weltkrich huet hie säin Numm a „Paul de Pidoll“ ëmgeännert[3]. Hie war e Schüler vum Fernand Sabatté, an huet zanter 1929 ë. a. am Salon vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an zu Paräis am Salon des artistes français ausgestallt. Zu Lëtzebuerg gouf hien als ee vun de wéinege „professionellen“ Kënschtler am Land ugesinn.[3]
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert huet hien eng ganz Rei vu Bicher zu Paräis illustréiert.
Iwwer Joerzéngten huet de Paul von Pidoll Nature-mortë mat anticke Keramike gemoolt. Nieft senge bekannten Holzgravuren a geleeëntleche Portraiten oder Duerstellunge vun der Ruin vum Buerschter Schlass, sinn ëmmer nees Arrangementer vun anticke Gefäässer de Sujet vu senge Biller.[3]
- Beispiller vum de Pidoll sengem Wierk am Nationalmusée um Fëschmaart
-
Satyr: Museker an Nymph an enger Bëschlandschaft
-
Portrait
-
Ruin vum Buerschter Schlass
-
Nature morte mat engem schwaarze Krou
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]De Paul de Pidoll war zweemol bestuet. 1917 huet hie sech zu Paräis mat der Textildesignerin Andrée Maybaum Mulder bestuet. Nodeems seng (den Nürnberger Gesetzer no) "hallef-jiddesch" Fra am Zweete Weltkrich vun den Nazien deportéiert an am KZ Theresienstadt ëmbruecht gouf, ass hien a Frankräich, bei den Étang de Biscarrosse geplënnert. Do huet hie sech 1945 nees bestuet. Vu senger zweeter Fra, Marie Dambrine, krut den Nationalmusée um Fëschmaart nieft der franséischer Nationalbibliothéik e méi klengen Deel vu sengem artistesche Wierk.
Den de Pidoll ass 1954 ouni Kanner zu Biscarrosse gestuerwen.
Ausstellungen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1923: Salon du CAL
- 1927: Salon du CAL
- 1934: Le visage du Luxembourg
Posthum
[änneren | Quelltext änneren]- 1985: La gravure luxembourgeoise du 20e siècle
- 1989: 150 ans d'art luxembourgeois au Musée national d'histoire et d'art. Peinture et sculpture depuis 1839
- 2021: Figure in Print
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Le chemin des chats eng Iwwersetzung an d'Franséischt vum Hermann Suderman sengem Stéck der Katzensteg an den Éditions Mornay vu Paräis (936 Exemplaren). (Holzschnëtt)
- Le chemin de Velours vum Remy de Goumont an Les Éditions G.Crès & Cie (Holzschnëtt).
- Le Spleen de Paris kleng Prosagedichter vum Charles Baudelaire. (8 Schnëtter)
- Le Phare vum Paul Reboux an den Éditions de l'Intermédiaire du Bibliophile vu Paräis (Aquarellen).
- A Charles Forot au pigeonnier eng Landschaft.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Paul de Pidoll – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)CT-03-02-0847 Naissances, 1880-1883 (Registre) (PDF). Akt 131 S. 179. query.an.etat.lu (04.04.1882). Gekuckt de(n) 05.01.2025.
- ↑ Pidoll. Gekuckt de(n) 05.01.2025.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 (de)Michelle Kleyr (Text: CC BY-NC), Stillleben mit schwarzem Krug. mnaha.lu. Gekuckt de(n) 05.01.2025.