Charles Baudelaire

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Charles Baudelaire (~1863).
De Baudelaire, gemoolt vum Gustave Courbet (1848).

De Charles-Pierre Baudelaire, gebuer den 9. Abrëll 1821 zu Paräis an och do den 31. August 1867 gestuerwen, war e franséische Schrëftsteller. Hie gëtt haut zu deene bedeitendste franséische Lyriker gezielt an doriwwer eraus als e Pionéier vun der moderner europäescher Lyrik. Säi bekanntst Wierk ass seng Gedichtssammlung Les Fleurs du mal (1857).

Amplaz Droit ze studéieren an eng Diplomatecarrière ze maachen, wéi säi Stéifpapp et gär gesinn hätt, huet de jonke Baudelaire léiwer e Bohème-Liewen als Dichter gefouert. Hien hat eng Relatioun mat enger Prostituéierter, an huet, nodeems e volljäreg gi war a sech säin Ierfdeel gefrot hat, d'Suen ugefaangen, als Dandy dropzemaachen, andeems e se fir Partien, Drogen a seng Frëndin Jeanne Duval ausginn huet. Seng Famill huet e Geriichtsuerteel erreecht, dat hien ënner d'Momperschaft vun engem Notaire gestallt huet, sou datt en de Rescht vun de Sue just nach all Mount als Rent ausbezuelt krut.

Als Schrëftsteller hat hien ufanks wéineg Succès; hien huet e puer Gedichter an Zeitungen ofgedréckt kritt, an 1846 - 1847 koumen, och an Zeitungen , zwou Novellen eraus: Le jeune enchanteur a La Fanfarlo. Hien huet begeeschtert d'Februarrevolution 1848 ënnerstëtzt a politesch Texter geschriwwen an an enger Zeitung erausginn. Mat de revolutionäre Bestriewungen ass et allgemeng, an och beim Baudelaire, séier biergof gaangen, wéi de Louis Napoléon Bonaparte bis un der Muecht war.

Zënterhier huet de Baudelaire just nach onpolitesch Lyrik, Kuerzprosa, Essayen, Portraite vun Auteuren a Buchkritike geschriwwen. Ausserdeem huet hien d'Wierk vum amerikanesche Schrëftsteller Edgar Allan Poe op franséisch iwwersat an de Poe, deem e sech am Geescht no gespiert huet, sou a Frankräich bekannt gemaach.

Säi Gesondheetszoustand (nieft regelméissegem Alkohol- an Drogekonsum, "les paradis artificiels hat hie sech d'Syphillis opgeraf), wéi och dee vu senge Finanzen, war zum Enn vu sengem Liewe chronesch schlecht. 1864-1866 ass en op op Bréissel wunne gaangen, am Hoffes, do nei unzefänken a grouss erauszekommen, mä do gouf näischt draus. No engem Hireschlag koum en hannescht op Paräis, wou en, ee Joer dono, mat just 46 Joer, gestuerwen ass.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Les Fleurs du mal[änneren | Quelltext änneren]

1857 koum Les Fleurs du Mal eraus, eng Sammlung vun 100 Gedichter, déi e vun ca. 1840 u geschriwwen an zum Deel schonn eenzel erausbruecht hat. D'Gedichter si sproochlech a formell ganz ausgefeilt. Vun der Stëmmung hier si s'éischter desillusionnéiert-pessimistesch oder melancholesch; Grondthema ass d'Hin-an-hier-gerappt-Sinn tëscht dem Ideal, dem Schéinen, Hellen, an dem Däischteren, Béisen, Ellenen, Driibsegen (le spleen). Als ee vun den éischten thematiséiert de Baudelaire d'Liewen an der Groussstad, déi fir hien ofstoussend, anonym, knaschteg ass.

Am Ufank huet kaum een d'Qualitéite vum Wierk erkannt; de Baudelaire a säin Editeur goufe souguer wéinst "Beleidegung vun der ëffentlecher Moral" an "obszönen an onmoralesche Passagen" a sechs vu senge Gedichter zu enger héijer Geldstrof veruerteelt.

Vun 1855 un huet de Baudelaire och lyresch Prosatexter ("poème en prose") geschriwwen, déi dacks d'Stadliewen als Thema haten, an déi 1869 posthum gesammelt als Le Spleen de Paris erauskoumen.

Lëscht[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Band vu sengen Œuvres complètes an der Bibliothèque de la Pléiade.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Baudelaire – Biller, Videoen oder Audiodateien