Bibliothèque de la Pléiade

Vu Wikipedia
Bicher vun der Bibliothèque de la Pléiade

D'Bibliothèque de la Pléiade ass eng Buchkollektioun vu franséischsproochege Bicher.

Den éischte Band ass 1931 bei den Éditions de la Pléiade/Jacques Schiffrin & Cie erauskomm. Wéinst finanzielle Schwieregkeete gouf d'Serie 1933 an d'Éditions Gallimard integréiert.

Follgend Auteure goufen an den éischte Bänn publizéiert: Baudelaire, Racine, Voltaire, Poe, Laclos, Musset, Stendhal.

D'Konzept war fir deemools eenzegaarteg: d'Serie proposéiert Wierker vu klasseschen Auteuren am Täscheformat an enger aussergewéinlech luxuriéiser Qualitéit op Bibelpabeier a mat Liederaband mat gëllenem Drock.

Bis am November 2008 si 550 Bänn vu bal 200 Auteuren erauskomm. All Joer komme bis zu enger Dosen nei Bänn eraus. Wann och de Schwéierpunkt ëmmer nach bei de franséische Klassiker läit, sou komme mëttlerweil awer och Haaptwierker vun der Weltliteratur zu Éieren.

Literaresch Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Schiffrin (1931-1940)
  • Jean Ducourneau (1959-1966)
  • Pierre Buge (1966-1987)
  • Jacques Cotin (1988-1996)
  • Hugues Pradier (1997-)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]