Foussball-Europameeschterschaft 2008

Vu Wikipedia

Déi 13. UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2008 gouf vum 7. bis den 29. Juni 2008 an Éisträich an an der Schwäiz gespillt. Et si 16 Nationalekippe géinteneen ugetrueden, fir d'éischt a Gruppen- an duerno an Ausscheedungsspiller, am Ganzen an 31 Matcher. Europameeschter gouf an der Finall zu Wien déi spuenesch Foussballnationalekipp.

EM - Stied[änneren | Quelltext änneren]

Foussball-Europameeschterschaft 2008

Éisträich[änneren | Quelltext änneren]

Schwäiz[änneren | Quelltext änneren]

Schidsriichter[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Dezember 2007 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichter a 24 Assistenten. Dobäi kommen nach aacht Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter deejéinegen ersetzen.

Déi zwielef Schidsriichter leeden 31 Spiller. Et sinn:

Konrad Plautz Éisträich Frank De Bleeckere Belsch Howard Webb England
Herbert Fandel Däitschland Kyros Vassaras Griicheland Roberto Rosetti Italien
Pieter Vink Holland Tom Henning Øvrebø Norwegen Ľuboš Micheľ Slowakei
Manuel Mejuto González Spuenien Peter Fröjdfeldt Schweden Massimo Busacca CHECHE Schwäiz

Spillplang[änneren | Quelltext änneren]

Qualifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och: Qualifikatioun vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008

Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Schwäiz an Éisträich, déi als Gaaschtland automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.

Déi 50 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu siwen an an eng Grupp vun aacht agedeelt. Déi eenzel Gruppen, an deenen all Ekipp eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, qualifizéierte sech no 306 Spiller, d'Gruppenéischt an -zweet fir d'Europameeschterschaft 2008.

Auslousung vun der Ennronn[änneren | Quelltext änneren]

D'Gruppe goufen den 2. Dezember 2007 zu Luzern ausgeloust. Déi qualifizéiert Ekippe goufen a véier Dëppen agedeelt:

  • 1: Schwäiz, Éisträich (allebéid Organisatoren), Griicheland, Holland
  • 2: Kroatien, Italien, Tschechien, Schweden
  • 3: Rumänien, Däitschland, Portugal, Spuenien
  • 4: Polen, Frankräich, Tierkei, Russland

Aus dësem Tirage sinn dës Gruppen entstanen:

Grupp A Grupp B Grupp C Grupp D
CHECHE Schwäiz Éisträich Holland Griicheland
Tschechesch Republik Kroatien Italien Schweden
Portugal Däitschland Rumänien Spuenien
Tierkei Polen Frankräich Russland

Gruppephas[änneren | Quelltext änneren]

Grupp A[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Goler Punkten
1 Portugal 5:3 6
2 Tierkei 5:5 6
3 Tschechesch Republik 4:6 3
4 CHECHE Schwäiz 3:3 3
Samschden, 7. Juni 2008, 18:00, zu Basel
Schwäiz Tschechien 0:1 (0:0)
Samschden, 7. Juni 2008, 20:45, zu Genf
Portugal Tierkei 2:0 (0:0)
Mëttwoch, 11. Juni 2008, 18:00, zu Genf
Tschechien Portugal 1:3 (1:1)
Mëttwoch, 11. Juni 2008, 20:45, zu Basel
Schwäiz Tierkei 1:2 (1:0)
Sonnden, 15. Juni 2008, 20:45, zu Basel
Schwäiz Portugal 2:0 (0:0)
Sonnden, 15. Juni 2008, 20:45, zu Genf
Tierkei Tschechien 3:2 (0:1)

Grupp B[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Goler Punkten
1 Kroatien 4:1 9
2 Däitschland 4:2 6
3 Éisträich 1:3 1
4 Polen 1:4 1
Sonnden, 8. Juni 2008, 18:00, zu Wien
Éisträich Kroatien 0:1 (0:1)
Sonnden, 8. Juni 2008, 20:45, zu Klagenfurt
Däitschland Polen 2:0 (1:0)
Donneschden, 12. Juni 2008, 18:00, zu Klagenfurt
Kroatien Däitschland 2:1 (1:0)
Donneschden, 12. Juni 2008, 20:45, zu Wien
Éisträich Polen 1:1 (0:1)
Méinden, 16. Juni 2008, 20:45, zu Klagenfurt
Polen Kroatien 0:1 (0:0)
Méinden, 16. Juni 2008, 20:45, zu Wien
Éisträich Däitschland 0:1 (0:0)

Grupp C[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Goler Punkten
1 Holland 9:1 9
2 Italien 3:4 4
3 Rumänien 1:3 2
4 Frankräich 1:6 1
Méinden, 9. Juni 2008, 18:00, zu Zürich
Rumänien Frankräich 0:0 (0:0)
Méinden, 9. Juni 2008, 20:45, zu Bern
Holland Italien 3:0 (2:0)
Freiden, 13. Juni 2008, 18:00, zu Zürich
Italien Rumänien 1:1 (0:0)
Freiden, 13. Juni 2008, 20:45, zu Bern
Holland Frankräich 4:1 (1:0)
Dënschden, 17. Juni 2008, 20:45, zu Bern
Holland Rumänien 2:0 (0:0)
Dënschden, 17. Juni 2008, 20:45, zu Zürich
Frankräich Italien 0:2 (0:1)

Grupp D[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Goler Punkten
1 Spuenien 8:3 9
2 Russland 4:4 6
3 Schweden 3:4 3
4 Griicheland 1:5 0
Dënschden, 10. Juni 2008, 18:00, zu Innsbruck
Spuenien Russland 4:1 (2:0)
Dënschden, 10. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg
Griicheland Schweden 0:2 (0:0)
Samschden, 14. Juni 2008, 18:00, zu Innsbruck
Schweden Spuenien 1:2 (1:1)
Samschden, 14. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg
Griicheland Russland 0:1 (0:1)
Mëttwoch, 18. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg
Griicheland Spuenien 1:2 (1:0)
Mëttwoch, 18. Juni 2008, 20:45, zu Innsbruck
Russland Schweden 2:0 (1:0)

Finalleronn[änneren | Quelltext änneren]

Véirelsfinall[änneren | Quelltext änneren]

Do, 19. Juni 2008, 20:45 Basel Portugal Däitschland 2:3 (1:2)
Fr, 20. Juni 2008, 20:45 Wien Kroatien Tierkei 1:1 n. V. (0:0, 0:0) 1:3 a. E.
Sa, 21. Juni 2008, 20:45 Basel Holland Russland 1:3 n. V. (1:1, 0:0)
So, 22. Juni 2008, 20:45 Wien Spuenien Italien 0:0 n. V. (0:0, 0:0) 4:2 a. E.

Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Më, 25. Juni 2008, 20:45 Basel Däitschland Tierkei 3:2 (1:1)
Do, 26. Juni 2008, 20:45 Wien Russland Spuenien -:3 (0:0)

Finall[änneren | Quelltext änneren]

So, 29. Juni 2008, 20:45 Wien Däitschland Spuenien 0:1 (0:1)

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

Sponsoren[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Sponsore vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 hunn ënner anerem Adidas, Carlsberg, Castrol, Coca-Cola, Hyundai Motor Group, JVC, MasterCard a McDonald's gezielt.

Ticketen[änneren | Quelltext änneren]

Et sinn 1,13 Milliounen Entréestickete fir déi 31 Spiller verdeelt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Foussball-Europameeschterschaft 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien