Robert Koch

Vu Wikipedia
Robert Koch
Gebuertsnumm Robert Heinrich Hermann Koch
Gebuer 11. Dezember 1843
Clausthal
Gestuerwen 27. Mee 1910
Baden-Baden
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitscht Keeserräich
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Biolog, Dokter, Erfinder, Fotograf, Universitéitsprofesser, Chimist, Arméisdokter
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Kungliga Vetenskaps- och Vitterhets-Samhället i Göteborg, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Académie nationale de médecine, National Academy of Sciences

De Robert Koch, gebuer den 11. Dezember 1843 zu Clausthal am Harz, a gestuerwen de 27. Mee 1910 zu Baden-Baden, war en däitsche Bakteriolog.

De Robert Koch koum als Jong vun engem Biergbaubeamten op d'Welt.

Als Dokter huet hien 1876, beim Ënnersiche vun enger Infektiounskrankheet, keimfäeg Spore vum Mëlzbrandbazillus fonnt. Domat huet hie fir d'éischt lieweg Mikroorganismen als Ursaach vun enger Krankheet nogewisen.

Doropshin koum hien op dat keeserlecht Gesondheetsamt wou hien 1882 bei sengen Aarbechten de Bazill vun der Tuberkulos entdeckt huet an och d'Géigemëttel Tuberkulin.

1884 huet de Robert Koch och de Bazill entdeckt deen d'Cholera verursaacht.

Am Joer 1905 krut de Robert Koch den Nobelpräis fir Medezin.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Koch – Biller, Videoen oder Audiodateien